D’Regierung huet jo eng Rei steierlech Mesuren am Logement proposéiert, dorënner eng Grondsteier-Reform an Taxen op eidel Terrainen a Wunnengen.

D’Regierung huet jo eng Rei steierlech Mesuren am Beräich vum Logement proposéiert, dorënner eng Reform vun der Grondsteier an Taxen op eidel Terrainen a Wunnengen. D’Jugendsektioune vun de Regierungsparteien DP an déi Gréng begréissen dës Mesure prinzipiell mee fuerderen d’LSAP Inneministesch Taina Bofferding op Nobesserungen z’ënnerhuelen.

De Fabricio Costa vun déi jonk Gréng sot e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz: "D’Mesurë ginn net wäit genuch, gräifen ze spéit a sinn net ganz duerchduecht. D’Logementskris ass haut schonn eng Realitéit dowéinst musse mer elo hei séier virukommen." Hien huet erkläert, datt d’Kannerklausel – en Abattement fir Proprietären déi Kanner ënner 25 Joer hunn -, den Effet vun der Mobiliséierungssteier op eidel Terraine géing aushielegen. Bei der Grondsteier iwwerdeems Proprietären, déi zu puer eng Wunneng hunn, favoriséiert ginn, par Rapport zu Proprietären déi eleng sinn.

Och d’JDL, d’Jugendsektioun vun der DP, hat en Donneschdeg d’steierlech Mesuren déi um Dësch leien, prinzipiell begréisst. Mee d’jonk Demokrate fuerderen, datt d’Mobiliséierungssteier op eidelen Terrainen däitlech méi héisch ugesat gëtt, well mat der aktueller Propos de Wäertgewënn vun eidelen Terrainen nach ëmmer däitlech iwwert der Steier géing leien. Am Géigesaz zu deene jonke Gréngen, déi wëllen, datt den Abattement wann ee Kanner huet – d’Kannerklausel – aus de Propose geholl gëtt, soen déi jonk Demokraten, datt een den Alter souguer misst op 30 Joer eropsetzen.

Hei de Communiqué vun der JDL!

Hei de Communiqué vun de Jonke Gréngen!