Ëmmer méi heefeg decidéiere sech d'Leit fir de Bëschkierfecht
Grad an der Stad gesäit een dësen "Trend" ëmmer méi an de leschte Joren opkommen.
Als éischt Gemeng a laang Zäit als déi eenzeg hat Betzder e Bëschkierfecht. Ugangs war deen als Pilotprojet op fir dat ganzt Land. Ma zanterhier huet sech vill gedoen an et ginn haut 12 där Kierfechter am ganze Grand-Duché. Ëmmer méi Leit hunn d'Natur léiwer wéi e Kierfecht fir hir eege Bäisetzung oder fir déi vun engem Familljemember.
An der Haaptstad ginn ewell iwwer d’Hallschent vun den Awunner verbrannt, d’Äsche ginn da verstreet oder bäigesat. Als Alternativ zu engem klassesche Kierfecht fält d’Wiel ëmmer méi dacks op den Zéissenger Bëschkierfecht.
2014 ass de Bëschkierfecht um Terrain vun der Gemeng Lëtzebuerg ageweit ginn, seet de Luc Theis, un deem senger Stëmm ee mierkt, wou ee grad. Hei schwätzt och de Responsabele vum Stater Service Cimetières lues, och wa ee soss keen gesäit, op deenen am ganze véier Parzellen.
Am Bëschkierfecht spiert een eng speziell Atmosphär, déi sech deels och géint dat monotoont Gedäisch vun der Autobunn kann duerchsetzen. Eng 200 Leit sinn an de leschte néng Joer hei bäigesat respektiv gestreet ginn, weess de Chef vum Service Cimetières. Rou an der Natur, quitt dass déi, zu enger Agglomeratioun gehéiert. Déi éischt Parzell ass scho komplett, esou datt een aktuell op der zweeter Parzell amgaangen ass, ze begruewen.
Et muss een an der Stad gewunnt hunn oder gestuerwe sinn, fir hei bäigesat respektiv gestreet kënnen ze ginn, erkläert de Luc Theis. Zéisseng bitt eng Bäisetzung vun den Äsche bei engem Bam, eleng oder zu méi, oder e fräit Verstreeën. Et funktionéiert wéi op engem normale Kierfecht mat Konzessioune vu bis zu 30 Joer. D'Präisser variéieren dann och tëscht e puer honnert bis e puer dausend Euro, jee nodeem, ob een e ganze Bam oder just een Emplacement bei engem Bam wëll kafen.
Déi 70 Prozent Net-Lëtzebuerger, déi an der Stad liewen, spillen an der Kierfecht-Statistik kloer eng Roll. Iwwer d’Hallschent vun den Awunner ginn ewell verbrannt an dono gestreet oder an enger Urn bäigesat. Wann ee mam aktuell Rhythmus weiderfiert um Bëschkierfecht, sinn d'Kapazitéite spéitstens 2045 erschöpft.
D'Bëschkierfechter leien am Trend an och wann dat komesch kléngt, geet d’Tendenz ëmmer méi an déi Richtung.