Dem Drock vu bausse bewosst
A Frankräich steet de Grupp ferme an der Kritik, lo kënnt Orpea och op Lëtzebuerg.
Zu Märel steet eng Residenz prett fir d'Ouverture, zu Stroossen gëtt och gebaut. Op den éischte Bléck sinn d'Installatioune vum "Recital" am Märeler Quartier chic klassesch-modern. Spontan denkt een éischter un en Hotel wéi en Alters- a Fleegeheem. Kloer e Choix. Wäit ewech vum Image vum Grupp no de rezente Skandaler.
"Le concept de la maison, c’est une prise en charge individuelle, personnalisée. Avec ce standing qu’on veut mettre en avant, les prestations qu’on veut mettre en avant. On a toutes sortes d’activités qu’on va proposer. Des activités de base, mais elles vont bien sûr évoluer en fonction des attentes et des besoins des résidents. Par exemples des partenariats avec le conservatoire", sou d'Direktesch vum "Recital", Stéphanie Rondoz
A Presenz vun enger Kommunikatiounsagence gëtt am Gespréich mat der Direktiounsekipp ëmmer nees dat selwecht widderholl: De Resident soll am Mëttelpunkt stoen. E soll verwinnt ginn. Vun der Kiche bis zum Wellness-Beräich. D'Haus gouf opgedeelt, datt d'Pensionäre jee no Ofhängegkeet gezielt betreit ginn. Mat engem Stack fir dement Leit, e weidere Stack fir méi intensiv Fleegefäll.
D'Präisser am mëttel bis héijem Segment fänke bei 3.300 Euro de Mount fir en 20 Meter/Carré, miwweléiert Zëmmer mat Vollpensioun un. En 43 Meter Carré Appartement fir betreit Wunne kascht 4.600 Euro. Un Interessi géif et net feelen, sou d'Direktesch.
Den Ament gi lescht administrativ Schrëtt ofgeschloss: Vun der Gesondheetskeess bis d'Sécurité Sociale. Wann een d'Mammenhaus Orpea an déi rezent Skandaler uschwätz, da ginn déi Responsabel hei zu Lëtzebuerg, op Distanz.
"Nous allons tâcher de vivre le début sereinement et d’aller de l’avant. Nous attendons comme tout le monde le plan de transformation du groupe. Mais nous, nous revenons toujours à notre propre besoin et nos priorités c’est de prendre en charge les résidents de manière optimale."
Am Dialog mam Familljeministère hätt d'Direktiounsekipp ugebueden, iwwer déi aktuell Bestëmmungen eraus op Transparenz ze setzen.
"Déjà mettre en place des amendements qui sont notifié dans le projet de loi. C’est-à-dire un comité d’éthique. C’est-à-dire des enquêtes de satisfaction deux fois par an. Pour les résidents et pour le personnel."
D'Direktiounsekipp ass sech es bewosst: Vill Blécker wäerten op Märel geriicht sinn. Déi bescht Kommunikatioun wieren um Enn positiv Erfarungen, déi déi eege Residenten deele géifen.