E Sonndeg de Moie krut d'Police e geklaute Minibagger zu Wuelessen gemellt, dëse konnt allerdéngs per GPS lokaliséiert ginn.

Déi presuméiert Déiwe vum Gefier konnten zu Housen gepëtzt ginn. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech dunn och erausgestallt, datt en zweete Minibagger, wéi och e Camion geklaut goufen. Déi zwee Verdächteg goufe festgeholl a koumen e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Am Garer Quartier gouf e Sonndeg am spéiden Nomëtten e presuméierten Drogendealer gepëtzt. Eng Policepatrull war hei op der Place de la Gare op zwee Männer opmierksam ginn, déi eng kierperlech Ausenanersetzung mateneen haten, bei där och e Pefferspray an den Asaz koum. Béid goufen op de Policebüro bruecht, bei enger Kierperkontroll si bei engem vun hinnen Drogen an dräi Handye fonnt ginn. Och hie koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.