E Méindeg ass mat der Rentrée an der Grondschoul fir eppes iwwer 63.000 Schüler a 6.500 Enseignanten den Eescht vum Liewen nees ugaangen.

De Marc Hoscheid war bis op Diddeleng an d'Grondschoul Ribeschpont an huet sech e Bild dovu gemaach, wéi déi Jonk an dat neit Schouljoer gestart sinn.

Rentrée an der Grondschoul Ribeschpont zu Diddeleng / Marc Hoscheid

Géint 7.40 Auer ass et esou richteg lassgaangen, datt d'Kanner ukomm sinn. Virun allem an der Spillschoul an am éischte Schouljoer waren dacks d'Eltere mat dobäi, woubäi déi meescht sech awer rëm zimmlech séier gemaach hunn.

Op wat hu sech d'Kanner, déi elo an d'éischt Schouljoer kommen, dann am meeschte gefreet?

"Fir meng Kolleege rëmzegesinn."
"Schaffen."
"Ech freeë mech, d'Kanner erëmzegesinn."

Bei dësem Jong aus dem fënnefte Schouljoer fält d'Äntwert iwwerdeems scho liicht méi laang an och méi differenzéiert aus: "D'Joffer ze gesinn, meng Kolleegen erëmzegesinn, just dat fréit Opstoen ass net sou schéin, mee du gewinns dech séier. D'Vakanz war schéin, mee d'Schoul huet och hir gutt an hir schlecht Säiten."

Och wann déi Jonk sech virop dorobber freeën, hir Kolleegen erëmzegesinn, soll an der Schoul ganz niewebäi jo och nach e bëssi geléiert ginn. Nom Liblingsfach gefrot, ginn d'Präferenzen auserneen:

"Rechnen."
"Däitsch."
"Mathé schaffen."
"Science hunn ech ultra gär, wat ech net sou gär hunn, ass WISO, dat intresséiert mech net sou, ech fannen dat ëmmer e bëssi langweileg."

Ma net just fir d'Kanner, mee och fir d'Léierpersonal ass d'Rentrée ëmmer nees ee ganz besonnesche Moment:

"Et preparéiert ee sech scho Wochen am Virfeld dorobber an et ass ee frou, d'Kanner erëmzegesinn a mat hinne lasszeleeën."

Am Ribbeschpont drécken 156 Kanner mat 17 verschiddenen Nationalitéiten d'Schoulbänk. D'Schoulpresidentin Christiane Hastert geet dovun aus, datt et nach zwou bis dräi Woche wäert daueren, bis jiddereen dat ganzt Material beieneen a sech un déi nei Situatioun gewinnt huet. An da géing de Buttek lafen.