A ganz Westeuropa sinn d'Zuele vun den Asylanten dëst Joer staark geklommen. Si leie quasi esou héich wéi op der Spëtzt vun der Flüchtlingskris 2015.

Keen an Europa schéngt virbereet op dat, wat sech ukënnegt, och Lëtzebuerg net. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséiert virun allem den Accueil an d'Ënnerbrénge vu jonke Flüchtlingen.

Rapport OKAJU / Reportage Carine Lemmer

Eréischt d'lescht Woch ass mat der "Ocean Viking" e gréissert Boot mat Flüchtlingen a Frankräich ugedockt. Wärend déi Erwuessen an eng international "Zone d'attente" bruecht goufen, goufen déi 44 onbegleete Mineuren opgeholl.  Ma d'Strukturen, wou déi Jonk, zesumme mat Erwuessene liewen, sinn dacks net fir dës ausgeluecht, och am Grand-Duché.

"Een Drëttel vun deenen, déi an de Strukture vun der Flüchtlingshëllef liewen, si mannerjäreg. Fir si ass et e Liewensalldag gepräägt vu kollektiven Toiletten, kollektiven Duschen a vill va-et-vient.", esou de Charel Schmit, den Ombudsman fir Kanner a Jonker.

Gutt 1.100 Mineure si betraff. Ronn 130 sinn onbegeleet. Ukrainesch Flüchtlingen net inclus. D'Strukturen, an deenen och Kanner a Jonker sinn, sinn net no den nämmlechte Krittären ewéi zum Beispill eng Maison Relais opgeriicht oder bedriwwen.

55 Strukture gëtt et zu Lëtzebuerg. Dës sinn zu 95% voll. Och well de Jonken an hiren Eltere wéineg Opportunitéite gebuede ginn, kritiséiert den OKAJU. Sief et Aarbecht oder Zäitverdreif.

"Et kënnt mir e bësse vir, ewéi wa mer an der Flüchtlingshëllef schaffen ewéi an der Aarbechtslosepolitik virun 30 Joer. Mir geréieren Inaktivitéit. Mir notzen net d'Zäit, fir d'Leit ze encouragéieren, sech aktiv un der Gesellschaft a Léisunge fir sech selwer ze bedeelegen.", esou nach de Charel Schmit.

D’Kannerrecht misst virum Asylrecht gëllen, seet nach Charel Schmit. Dat wär awer an der Realitéit net de Fall. Virun allem déi onbegleete Kanner missten hiren Accueil iwwert d'Jugendamt kréien an net vun der Asylpolitik ofhängeg sinn.

An de Strukture feelt et och un Encadrement fir d’Kanner, un Intimitéit oder Réckzuchsméiglechkeeten. D’Heemer si voll besat an deels och net geduecht, fir datt Leit do wunnen. Bei neie Strukturen oder wann ëmgebaut gëtt, misst dat besser gemaach ginn.

De Charel Schmit bedauert och, datt d’Leit an deene Strukturen an der Inaktivitéit gehale ginn. Si däerfe meeschtens zum Beispill net selwer kachen. Besser wär, wann an de Flüchtlingsstrukturen d’Selbststännegkeet vun de Leit gestäerkt gëtt.