
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP
De Reakter Nummer 4 vun der Atomzentral zu Kettenuewen ass an der Nuecht op e Freideg nees un dat franséischt Stroumnetz gaangen.
Dat deelt de CGDIS an engem Schreiwes mat a berifft sech dobäi op de Bedreiwer vum Kraaftwierk "Electricité de France". Deemno soll d'Unitéit an den nächsten Deeg nees maximal Stroum produzéieren.
10 Méint war de Reakter 4 elo net um Netz. Iwwer 12.000 Maintenance-Aarbechte wäre gemaach ginn, fir d'Sécherheet ze verbesseren.
D'Unitéiten 1, 2 an 3 sinn den Ament wéinst Korrosioun net aktiv.
Aktuell si 40 vun de 56 franséischen Atomreakteren nees um Netz.
Am meeschte gelies