
© AFP/LOU BENOIST
An der Nuecht op e Freideg sinn 3 weider Atomkreakteren a Frankräich nees un d'Netz gaangen. Dat huet de Stroumkonzern EDF matgedeelt.
Am Ganze sinn domadder 40 vun de 56 Atomreakteren an eisem Nopeschland nees um Netz. Och de Reakter Nummer 4 vun der Atomzentral zu Kettenuewen ass an der Nuecht op e Freideg nees un dat franséischt Stroumnetz gaangen.
Frankräich hat jo vill Reakter misse wéinst technesche Probleemer a Reparaturaarbechten eroffueren. D'Stroumproduktioun ass dowéinst zënter Méint op engem historesche Déifstand a Frankräich huet dëst Joer bis ewell méi Stroum importéiert ewéi exportéiert. Dat war fir d'Lescht virun 42 Joer de Fall.
Am meeschte gelies