Zum Ofschloss vum Debat iwwert de Budget 2023 goung et en Donneschdeg de Moien an der Chamber nawell zimmlech héich hier.

De Staat gëtt d'nächst Joer méi aus wei en erakrit. Dat ganzt baséiert natierlech op aktuellen Previsiounen vu Wirtschaftswuesstem, Inflatioun a Chômage. D'Wirtschaft soll duerch héich Investissementer ënnerstëtzt ginn, 47 % vum Budget si fir d'Sozialausgaben.

Steiererliichterungen, déi vu ville gefuerdert goufen, ginn et elo keng. Wéi de Budgetsrapporter Max Hahn erkläert huet, hätt de Staat insgesamt 5,5 Milliarden Euro missten an d'Hand huelen, fir d'Bierger an der Coronapandemie an an der aktueller Energiekris ze ënnerstëtzen.

D'Finanzministesch schléisst awer net aus, datt wann Situatioun et d'nächst Joer erlaabt sozial gestaffelt Erliichterunge kommen.

D'Staatsverschëldung klëmmt d'nächst Joer op iwwer 26 % vum PIB. Deementspriechend war et dann och bei der Suitte vum Debat iwwert de Budget an der Chamber héich hier gaangen.

Et si Wierder gefall, déi een normalerweis net am héijen Haus héiert. Hu sech déi animéiert Diskussiounen am Ufank op d'mannst nach ronderëm de Budget gedréint, goung et dono just nach ëm den Ëmgank mam politesche Géigner zu Lëtzebuerg.

Gestreits an der Chamber / Reportage Marc Hoscheid

Eng Partie jonk Leit, déi en Donneschdeg op der Tribün vun der Chamber souzen, kruten nawell eppes gebueden. Am Ufank vun der Sëtzung gouf iwwert eng reduzéiert Taxe d'abonnement op verschiddenen Energien diskutéiert. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat schonn e Mëttwoch den Owend kritiséiert, datt dës zu Lëtzebuerg net méi fir Atomenergie a Gas gëlle soll, wat géint europäesch Standarde verstousse géif. De Gréngen-Deputéierte François Benoy an den Dan Kersch vun der LSAP hunn der CSV doropshi virgeworf, klimaschiedlech a geféierlech Energie subventionéieren ze wëllen. Wéi de Marc Goergen vun de Piraten dem François Benoy reprochéiert huet, een ze vill positiivt Bild vun der Lëtzebuerger Energiepolitik gezeechent ze hunn, ass dem Gréngen-Deputéierten de Kolli geplatzt.

François Benoy: "Här Goergen, hutt Dir lo eeschthaft gesot, ech hätt gesot, mir géinge genuch maachen an deem Beräich?"
Marc Goergen: "Dir hutt de Bilan gezunn, datt ..."
François Benoy: "Sorry Här Goergen, sorry, mee dat doten ass wierklech ënnert aller Sau! Lauschtert meng Ried nach eng Kéier no, dat ass einfach sou eng falsch Ënnerstellung."
Marc Goergen: "Dat heescht Dir sot, dir maacht net genuch?"
François Benoy: "Et ass de Contraire vu menger Ried Här Goergen, et ass de Contraire".

Monter weider mam Gestreits goung et méi spéit. Nodeems de Kooperatiounsminister Franz Fayot d'ADR wéinst hirer Fuerderung, d'Entwécklungshëllef vun engem op 0,7 Prozent vum Bruttonationalakommes erofzesetzen, als rietsextrem bezeechent hat, koum et zu engem Tëscheruff vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

Fred Keup: "Topert!"
Fernand Etgen: "Wannechgelift Här Keup, wannechgelift Här Keup!"
Fred Keup: "Et gëtt eng Limitt, et gëtt eng Limitt!"
Fernand Etgen: "Stopp! Et gëtt eng Limitt, do hutt Der Recht, och an der Ausdrocksweis."
Franz Fayot: "Här President, ech war sechs Joer Deputéierten hei an der Chamber, ech si lo säit 2,5 Joer Minister. Ech sinn nach ni hei an der Chamber 'Topert' genannt ginn."

No engem längeren Hin an Hier mat verschiddenen Intervenanten huet den CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth d'ADR bei alle politeschen Ënnerscheeder géint de Virworf vum Rietsextremismus a Schutz geholl a gläichzäiteg den Aussproch vum Fred Keup verurteelt. Duerch d'Sëtzung en Donneschdeg hätt d'Chamber kee gutt Bild ofginn.

Bleift nach ze notéieren, datt de Budget 2023 um Ënn mat 31 géint 29 Stëmmen ugeholl gouf. No der Chrëschtvakanz kann et dann an d'Superwaljoer 2023 goen. Donieft gouf nach e weidert Gesetz gestëmmt, dëst Kéier awer unanime.
Nämlech dat, wat d'Zeréckbezuele vun Avancen un d’Gesondheetskeess ugeet, déi de Staat sech wärend der Covidkris "geléint" hat, fir séier Mesuren, wéi de Congé familial ze finanzéieren. Knapp 438 Millioune ginn elo iwwert 4 Joer verdeelt zeréck un d’CNS bezuelt, elo direkt mol 92 Milliounen Euro.