Upassunge vum NaturschutzgesetzVereinfachung fir d'Prozeduren an der Gréngzon

Diana Hoffmann
E puer Urteeler vum Verwaltungsgeriicht hunn dem Ëmweltministère virgehäit, d’Naturschutzgesetz ze vill à la lettre z'applizéieren.
Upassunge vum Naturschutzgesetz
E Méindeg huet d’Ëmweltministesch e Projet de loi fir Gesetzesännerungen um Naturschutzgesetz presentéiert.

Aus dësem Grond wëll een elo nobesseren.

De Projet de loi fir dës Gesetzesännerungen huet déi Gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring um Méinden de Moien der Press presentéiert. Ännerungen am Text concernéiere besonnesch den Artikel zu Konstruktiounen a Gréngzonen.

Eng vun de gréissten Ännerungen ass, dass Wunnhaiser, déi virum 1. Juli 1995 gebaut goufen, sollen an Zukunft als «legalement existant» gëllen. Virdru louch dësen Datum bei 1965, a fir déi Gebaier déi dono gebaut goufen, huet e Beweis misse geliwwert ginn, dass d’Haus legal gebaut gouf, wat dacks schwéier fir de Proprietär war. Op 1995 gouf sech gëeenegt, well d’Administratioun vun do un dann am elektronescht System nokucke kann, ob eng Autorisatioun besteet. Wann een dono gebaut huet, kéint een awer och ex-post eng Demande maachen, fir eng Autorisatioun ze kréien.

“Déi Saachen déi bestinn, dierfe mat enger Autorisatioun geännert ginn, wa se bestëmmte Konditiounen entspriechen», betount d’Ministesch. Wann en Haus «legalement existant” ass, däerf an Zukunft mat enger Autorisatioun eng thermesch Isolatioun gemaach ginn. Doriwwer eraus ka bis zu enger gewësser Héicht vergréissert ginn, an et wäert méiglech ginn, Ännerungen ze maachen, wann et Problemer mat der Securisatioun vum Gebai oder dem Terrain ginn.

Eng Autorisatioun brauch een och, wann ee wëllt eppes baussen um Gebai veränneren, wann Dimensioune geännert ginn, oder eppes muss nei opgebaut ginn. No engem Brand zum Beispill soll een an Zukunft awer méi wéi zwee Joer Zäit hunn, fir nees opzebauen.

Nei am Text ass och, dass een däerf am Gebai Renovatioune maachen oder d’Zëmmeropdeelung änneren, ouni mussen eng Autorisatioun unzefroen. “Clôturen ëm eng Weed, ënner bestëmmte Bedingungen, ware bis elo schonn ouni Autorisatioun erlaabt”, ënnersträicht d’Joëlle Welfring. Elo kann een och eng Clôture ëm säin Haus an der Gréngzone maachen, wa se bestëmmte Bedéngungen entsprécht. Eng dovunner ass zum Beispill, dass eng gewëssen Duerchlässegkeet fir d’Fauna besteet. Wann de Gesetzesprojet duerchgeet, brauch een och keng Autorisatioun, fir eng Fotovoltaikanlag op den Daach ze maachen, fir eng Tunnelzair opzeriichten, fir Beienhaiser, Schiedhaiser fir d’Béischten, fir Nistkästen oder Apparater fir wëssenschaftlech Zwecker.

Och weiderhin ass et awer net erlaabt an enger Gréngzon ze bauen. Verschidden Exceptioune sinn awer méiglech, wéi zum Beispill Konstruktiounen, déi landwirtschaftlechen Zwecker déngen. Dat géing awer net heeschen, dass een aus engem Bauerenhaus e Wunnhaus dierft maachen, sou d’Ëmweltministesch. Eng Ausnam wier, wann et sech ëm e Gebai handelt, wat vum Institut national pour le patromoine architectural validéiert ass. Dat kéint de Fall bei historesch geschützte Gebaier sinn, fir d’Flexibilitéit vun der Notzung ze vergréisseren.

PDF: Presentatioun - Ännerunge vum Naturschutzgesetz

Back to Top
CIM LOGO