An engem Interview mam RTL 5minutes huet de Georges Engel sech net prinzipiell géint eng 36-Stonne-Woch zu Lëtzebuerg ausgeschwat.

D'Chambre des salariés fuerdert jo, datt d'Aarbechtswoch zu Lëtzebuerg vu 40 op 36 Stonnen erofgesat gëtt. Den Aarbechtsminister präziséiert bei eise Kolleege vu 5minutes, datt esou ee Schratt net am Koalitiounsaccord virgesi wier, hien awer eng Etüd beim LISER an Optrag ginn hätt, déi esou ee Schratt géif analyséieren an de Pro a Contra dovu géif oplëschten. Déi Etüd soll dann d'Basis vun enger politescher Diskussioun zu dësem Thema duerstellen.

Weider preziséiert de Georges Engel, datt an den 1970er Joren d'40-Stonne-Woch ausgehandelt gouf an datt elo d'Zäit komm wier, sech nees mat deem Thema auserneen ze setzen.

Eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit kéint Lëtzebuerg nees als Land, wou ee wëll schaffen, méi attraktiv maachen. Bis ewell war dës Attraktivitéit eleng op de Salaire bezunn, esou den Aarbechtsminister, mä och am noen Ausland ginn d'Léin an d'Luucht. De Georges Engel ass iwwerzeegt, datt d'Attraktivitéit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmarché an Zukunft och dovunner ofhänkt, wat an noer Zukunft a puncto Aarbechtszäit am Grand-Duché decidéiert gëtt.