Vun nächstem Mëttwoch u gëtt d’Psychotherapie rembourséiert, op Nofro gëtt d’Gesondheetskeess elo Prezisiounen doriwwer, wéi dat genee ofleeft.

Et muss een net fir d’éischt bei den Dokter goen, et kann ee fir d’éischt eng bis dräi Kéiere bei de Psychotherapeut goen, an da bei den Dokter.

Den Dokter kuckt, ob et eng Contre-indication fir d’Psychotherapie gëtt, also ob d’Persoun eventuell eng Krankheet huet, déi fir d’éischt misst traitéiert ginn.

Wann et keng Contre-indication gëtt kann een entweder ee mol oder 2 mol 12 Seancen opgeschriwwe kréien, jee nodeem wat de Psychotherapeut fir ubruecht hält. Wann d’Therapie no deene 24 Seancen net ofgeschloss ass, muss een nach ee mol bei den Dokter, fir ze kucken, ob et eventuell awer e somatesche Problem gëtt.

D’Therapie ka bis zu 5 mol verlängert ginn, sou datt ee bis zu 147 Seance rembourséiert kritt, dat iwwer 10 Joer.