Bei der GLS kënne Proprietären hir Wunnengen zu Verfügung stellen. Si kréien zwar manner Loyer, wéi um fräie Maart, hunn dofir awer aner Avantagen.

Zanter 35 Joer gëtt et d’Gestion Locative Sociale (GLS) bei der Wunnengshëllef. Konkret bedeit dat, dass Proprietären hir Wunneng oder hiert Haus der Associatioun zur Verfügung stellen, fir dass Leit mat manner Revenu abordabel kënne lounen. Wuel ass de Loyer, deen een als Proprietäre mat der Gestion Locative sociale kritt, méi niddreg, ma dofir ginn et awer steierlech Virdeeler, d’Associatioun garantéiert, dass de Loyer bezuelt gëtt an et muss ee sech ëm näischt këmmeren.

Ma dëse Modell kënnt awer u seng Grenzen an enger Zäit, an där ëmmer méi Leit wéinst dem Logement an d’Struewele kommen an et souwisou u Wunnenge feelt. Pro Logement, dee vun der Wunnengshëllef ausgeschriwwe gëtt, melle sech eng 30 Leit. Ronn 400 nei Interessente pro Joer melle sech bei der Associatioun.

E Modell kënnt u seng Grenzen

D’Iddi vun der Gestion Locative Sociale ass et, eng Zort zäitlech begrenzten Hëllef ze sinn, fir duerno mat eegene Moyenen um private Marché e Logement kënnen ze fannen. Esou wéi d’Wunnengshëllef mat sengen 150 Unitéiten, mierkt awer och déi kleng GLS vun Inter-Actions, dass dat ëmmer méi schwéier gëtt.

De soziale Service, mat Sëtz zu Schëffleng, betreit d’Locatairen och bei Froen zu der Integratioun oder hëlleft, Scholden an de Grëff ze kréien. Ma och wann d’Leit nees e gereegelt Liewen hunn, e CDI a keng Scholden, hätte si et schwéier, fir um private Marché eng Wunneng ze fannen.

RTL

Et feelt u Wunnengen fir d’GLS

Bei Inter-Actions ass de Bail u sech op zwee Joer limitéiert. An der Lescht misst de Kontrakt awer ëmmer méi dacks verlängert ginn, wat och bedeit, dass d’Wunneng net fir aner Leit fräi gëtt. Dobäi kënnt, dass sech beim Service-Sociale nieft de Leit, déi sozial benodeelegt sinn, och Leit mellen, déi Amfong keng direkt Hëllef vun engem Soziale Service brauchen, mä duerch eng méi niddreg Pai einfach keng Wunneng fannen.

Den Ament huet de Service "Coup de Pouce" 18 Wunnengen, ma dat géing awer wéinst der héijer Demande net duergoen.

Dowéinst wier een als Associatioun dorop ugewisen, dass Proprietären hir eidel Wunnengen an Haiser zur Verfügung stellen. Dat am Wëssen, dass d’GLS e Coup de Pouce a keng Dauerléisung soll sinn.