
© Shutterstock
"Ech gi bei e Psy" ka villes heeschen. Schwätze mir dann elo vun engem Psychotherapeut, Psycholog oder Psychiater? Hei d'Ënnerscheeder am Iwwerbléck.
Psy ass net gläich Psy. Dat ass elo besonnesch rëm bei der Noriicht opgefall, dass Psychotherapie vum 1. Februar un rembourséiert ginn. Et ass nämlech net jiddereen, dee bei e Psy geet, vun dëser gudder Nouvelle betraff.
Psychiater
E Psychiater ass en Medezinner, dee sech op de Beräich Psychiatrie spezialiséiert huet. Hien ka Medikamenter verschreiwen a këmmert sech ëm Patiente mat mentale Krankheeten. De Besuch beim Psychiater gëtt vun der Krankekeess rembourséiert.
Psychotherapeut
De Beruff vum Psychotherapeut ass zënter 2015 zu Lëtzebuerg unerkannt. D'Unerkennung kann e Psycholog oder Dokter kréien, wann dësen eng zousätzlech Formatioun an der Psychotherapie gemaach huet, déi tëscht 3 a 4 Joer dauert. Wien Psychotherapien ubitt ouni déi néideg Formatioun dofir ze hunn, mëscht sech strofbar.
Zu Lëtzebuerg si folgend Forme vu Psychotherapie unerkannt:
- kognitiv Verhalenstherapie
- psychodynamesch a psychoanalytesch-inspiréiert Usätz
- humanistesch Usätz: zum Beispill persounenzentréiert oder gestalttherapeutesch Usätz
- systemesch Psychotherapie
No jorelaangen Diskussiounen tëscht der Krankekeess an de Vertrieder vun de Psychotherapeuten (Fapsylux) koum virun e puer d'Deeg d'Nouvelle. Psychotherapie ginn elo endlech vun der CNS iwwerholl. Erwuessener kréien d'Seance zu 70 Prozent rembourséiert. Jonker ënner 18 Joer kréie souguer de ganze Montant erëm. Méi Detailer zum Remboursement fannt Dir hei.
Psycholog
E Psycholog ass eng Persoun, déi e Master an der Psychologie huet. Fir zu Lëtzebuerg als Psycholog ze schaffen, muss den Diplom awer vum Héichschoulministère unerkannt ginn. De Psychologe fungéiert éischter als Beroder oder Coach. E kann awer och ganz ënnerschiddlech agesat ginn. Dat zum Beispill a Schoulen, Betriber oder an Organisatiounen, sou d'Erklärunge vum Catherine Richard vu Fapsylux.