
E Méindeg am Nomëtteg hat e Bus op der Streck tëscht Ierpeldeng an dem Fridhaff eng Pann. Dat ewéi dëse grad dobäi war, biergop ze fueren.
De Bus war doropshi stoe bliwwen. Ma beim Versuch, d'Pann ze flécken, hat sech den éischten Erkenntnisser no d'Brems geléist an de Bus mat de Passagéier dran, war no hannerzeg de Bierg erofgerullt. Dës waren doropshin aus dem Bus gesprongen.
5 Persoune goufen dobäi blesséiert, zwou vun hinne goufen am Spidol behandelt.
Am meeschte gelies