
Den Tarif fir eng Stonn ass no der Indextranche, déi e Mëttwoch erfall ass, op 147,60 Euro fixéiert. Erwuessener kréie 70% dovun zeréck. Wann ee manner ewéi 18 Joer huet, kritt ee bis zu 100% zeréck. D’Käschte ginn allerdéngs net réckwierkend iwwerholl.
D’Seancë musse vun engem Dokter verschriwwe ginn. Dëse kuckt als éischt, ob et keng Contre-indication fir eng Psychotherapie gëtt a stellt dann eng éischt Ordonnance aus, déi 3 Initiatiounsseancen a 24 Ënnerstëtzungsseancen, also insgesamt 27 Seancen, aus. Fir déi éischt 3 Seancë vun der éischter Serie brauch een d’Ordonnance net onbedéngt virum Start vun de Seancen. Dës ka maximal 90 Deeg nom Start vun der éischter Seance ausgestallt ginn.
Duerno brauch een da fir all weider Serie vu 24 Ënnerstëtzungsseancen eng weider Ordonnance vum Dokter.
Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der CNS
RTL-News: Remboursement Psychotherapie: Minister huet Fangerspëtzegefill bewisen, sou de Christian Oberlé
RTL News: Mëssverständnisser bei den annoncéierte Remboursementer: Psy ass net gläich Psy