D’ASTI preparéiert sech op d’Gemengewalen a fuerdert an engem Revendicatiounskatalog un d’Parteien eng besser Integratioun vun auslännesche Matbierger.

Dofir proposéiere si konkret Mesuren. Esou ginn d’Gemengepolitiker an d’Parteie gefrot, aktiv méi auslännesch Kandidaten op hir Lëschten ze huelen.

Och missten d’Gemengen an Zukunft no hire Capacitéite gehale sinn, obligatoresch eng gewëssen Zuel u Flüchtlingen opzehuelen, egal wéi hiren Asyl-Statut ass.

D’Asbl, déi sech fir d’Interesse vun den auslännesche Matbierger asetzt, fuerdert och, dass an de Gemengen Infrastrukture fir Leit geschaaft ginn, déi nei op Lëtzebuerg schaffe kommen. Et kéint net sinn, dass des Persounen zum Beispill missten a Kaffiszëmmeren oder soss onzoumuttbare Wunnenge logéieren.

Fir auslännesche Matbierger d’Integratioun an de Gemengen z’erliichteren, freet d’ASTI, datt d’kommunal Integratiounskommissiounen ofgeschaaft ginn. Villméi sollen d’auslännesch Leit an all aner Gemengekommissiounen integréiert ginn.

Donieft sollen all d’Gemenge méi flexibel sinn, wann et em den Accueil vu Schoulkanner geet: d’Spezialklasse sollen der Vergaangenheet ugehéieren, mee villméi sollen d’Kanner a Klassen integréiert ginn, déi et ewell gëtt a wou si dann zesumme mat Lëtzebuerger Jonken enseignéiert ginn.

De Wierder vun der ASTI no, misst dës "Segregatiounen en Enn hunn".

Dëser Deeg lancéiert d’ASTI och hire neien Internetsite letzvote.lu a Kooperatioun mam Familljeministère fir nach weider potentiell Wieler ze sensibiliséieren an z’informéieren.

D’Aschreiwunge fir d'lokal Wallëschte lafen nach bis de 17. Abrëll.