D'Anil huet e Mëttwoch den Owend e Pak mat Mesuren, fir d'Aarbechtskonditioune vun den Infirmieren an Infirmièren hei am Land ze verbesseren, virgestallt.

Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièrë wënscht sech, dass hir Doleancen nach virun de Walen ëmgesat ginn.

Et wéilt een eng séier a spierbar Entlaaschtung vun de Concernéierten, grad wéi eng Hëllef beim Burn-Out. Et misst e gesonden Equiliber ginn tëscht Aarbecht a Fräizäit fonnt ginn, beispillsweis duerch e Schaffplang, dee previsibel ass an 2 Méint am Viraus misst opgestallt sinn.

Dernieft misst och den deels groussen administrativen Opwand fir den Infirmier vereinfacht, an endlech e Plang opgestallt ginn, fir der Penurie u Personal entgéintzewierken.

D’Spidolsfederatioun stellt en Donneschdeg iwwerdeems hiert Wäissbuch mat der Visioun vun de Klinicke bis 2030 an dem nationale Gesondheetssystem bis dohi vir.