Den Tripartitesaccord kascht de Staat d'Joer eng hallef Milliard Euro
No méi wéi 8 Stonnen Diskussiounen hunn d'Sozialpartner op der Tripartite en Accord fonnt.
Et wier e gudden a wichtegen Accord, dee souwuel de Leit wéi och den Entreprisen hëllefe géif. Dat war den allgemenge Constat e Freideg no iwwer 8 Stonnen Negociatiounen an der Tripartite-Ronn. En Accord gouf deemno um Sennenger Schlass tëscht der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften fonnt, deen de Staat d'Joer eng hallef Milliard Euro kascht an e puer Haaptmesuren huet.
Engersäits wäerten d'Energiehëllefen ëm e komplett Joer verlängert ginn an d'Inflatioun op 2,8% 2024 gehale ginn. Dat, fir e konkreten Risk ze evitéieren, betount de Premier Xavier Bettel. Wa mer déi Mesuren net huelen, ass de Risk, datt d'elektresch Rechnung vum Consommateur sech verduebelt.
D'Indextranche, déi dem Statec no am Oktober erfale soll, gëtt bis inklusiv Januar integral vum Staat kompenséiert, dat iwwer d'Mutualitéit vun den Employeuren. Et wier wichteg, datt den Index 2024 erëm normal funktionéieren géif. 2024 si keng Manipulatiounen. Den Index leeft normal, et gi keng Manipulatiounen gemaach!
D'Upasse vum Steierbarème un d'Inflatioun geschitt ëm 2,5 Indextranchen vum 1. Januar d'nächst Joer un. Fir e komplett Upasse wier kee Sputt do, sot d'Finanzministesch Yuriko Backes.
Agefouert gëtt fir dëst Joer en neie Steierkredit, dee réckwierkend op den 1. Januar gëllt, dëst an Héicht vun zwou Indextranchen. Dee kéim de Leit zeguttn soubal en an der Chamber gestëmmt wier.
Ma och de Klima an de Logement ware Sujeten op der Tripartite. Vum 1. Januar u gëllt e Klima-Steierkredit, deen d'Co2-Steier soll kompenséieren. An a puncto Logement gëtt de bëllegen Akt vun 20.000 op 30.000 Euro gehuewen. E Montant, deen an de leschten 20 Joer net ugepasst gouf! An och den héijen Zënse wëll een entgéintwierken: De Plaffong vun den Zënsen, déi een ofsetze kann, gëtt vun 2000 op 3000 Euro eropgesat. De Maximum vun deem, wat een ofsetze kann, gëtt also ëm 50% erop gesat. Dës Mesure gëtt retroaktiv op den 1. Januar gezielt. Op der Steiererklärung fir 2023 kann et also scho geltend gemaach ginn.
De Replay vun der Pressekonferenz
Wat steet am Accord?
D'Indextranche, déi am Oktober erfält, gëtt iwwer d'Mutualitéit vun den Employeuren de Patronen bis inklusiv Januar integral kompenséiert - fir d'nächst Joer soll et zu kengen Index-Modulatiounen kommen.
Iwwert d'zäitlecht Auslafe vun den Energiehëllefen gouf sech och eens gesat, sou datt de Präisdeckel op Stroum a Gas ëm e komplett Joer verlängert gëtt (phasing-out) an d'Inflatioun op 2,8% kann 2024 gehale ginn.
D'Upasse vum Steierbarème un d'Inflatioun geschitt ëm 2,5 Indextranchen vum 1. Januar d'nächst Joer un. Fir d'komplett Upassen wier kee Sputt do, sot d'Finanzministesch Yuriko Backes virun der Press.
Agefouert gëtt fir dëst Joer en neie Steierkredit, dee réckwierkend op den 1. Januar gëllt, dëst an Héicht vun zwou Indextranchen. Vum 1. Januar un gëllt och e Klima-Steierkreditt, deen d'Co2-Steier soll kompenséieren.
Eng aner Mesure, déi um Sennenger Verhandlungsdësch a punkto Logement ugeholl gouf, ass de Montant, fir kënnen vum bëllegen Akt ze profitéieren vun 20.000 op 30.000 gehuewe gëtt.
Och gëtt den ofsetzbare Montant fir Hypothéike-Kreditter vun 2.000 op e Plaffong vun 3000 Euro fir dëst Steierjoer gehuewen.

Gewerkschaften a Patronat begréisse Proposen
Souwuel d’Gewerkschafte wéi och d’Patronat hunn de Mesurëpak allgemeng begréisst. Et wier een an enger schwéierer Kris an dofir wier et immens wichteg, datt een d’Inflatioun bremse kéint. De Phasing out, d’Upassung vum Steierbarèmre un d’Inflatioun an den Index, wieren e Succès, huet et vun de Sozialpartner geheescht.