Déi Meenung vertrëtt den däitsche Jurist a fréiere Prisongsdirekter Dr. Thomas Galli, deen e Mëttwoch e Virtrag zu Dummeldeng hält.
"Wie seng Fra no 30 Joer Mariage am Affekt ëmbréngt, ass net onbedéngt geféierlech fir d'Gesellschaft." Dat ass eng Ausso vum Thomas Galli, engem däitschen Affekot, Kriminolog a fréiere Prisongsdirekter.
Op Invitatioun vun der Associatioun "eran, eraus .. an elo?" ass hien e Mëttwoch fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg an huet RTL am Virfeld en Interview ginn, wou hien dës Ausso explizéiert huet:
"Mir goung et drëms ze weisen, datt grad a Fäll vun Homicide oder Morden, d'Gefor fir e Réckfall grondsätzlech a generell ganz kleng ass. Dat heescht net, datt een dat op iergendeng Manéier bagatelliséieren oder schéi schwätze kann, mä net jiddereen, deen e Mënsch ëmbruecht huet, muss aus menger Siicht de Rescht vu sengem Liewen hanner Gitter verbréngen."
De Fräiheetsentzuch, fënnt den Thomas Galli, géif an deenen allermeeschte Fäll grousse Schued maachen. Fir déi Betraffen a fir d'Gesellschaft.
Zu Lëtzebuerg ginn dem fréiere Prisongsdirekter no vill Prisonéier. Et sinn der eng 100 op 100.000 Awunner an dat wier e Punkt, wou ee sollt usetzen, grad an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg.
"Et hätt een eben och d'Ressourcen, fir sech méi intelligent, individuell a laangfristeg gesi méi sënnvoll Weeër, fir mat kriminellem Verhalen ëmzegoen. Amplaz vun dëser platter, stupider Form vu Strof."
Am RTL-Interview kritiséiert den Thomas Galli och, datt d'Leit zu Lëtzebuerg ze vill liichtfankeg an Untersuchungshaft kommen. Dat wier e besonnesche Problem, well se Mënsche betrëfft, déi nach net verurteelt sinn an déi awer komplett aus hirem sozialen Ëmfeld erausgerappt ginn.
D'Konferenz mam fréiere Prisongsdirekter, Affekot a Kriminolog ass e Mëttwoch den Owend ëm 19.30 Auer zu Dummeldeng am Drescherhaus.