Eng Beleidegung, sou beschreiwen d'Industriesyndikater vum OGBL d'Fuerderung vun der Industriellefederatioun Fedil am Virfeld vun de Walen.

Mat e bësse schlechte Wëlle kéint ee mengen, d'Fedil wéilt als nächst ofschafen, datt een eng Paus mécht fir op d'Toilette ze goen, e Kaffi drénkt, sech anescht undeet oder duscht.

An anere Länner déi d'Aarbechtszäit bei Lounausgläich verkierzt hätte géing een iwwerall dee selwechte Constat gesinn: de Salariéë géing et besser goen an d'Produktivitéit vun den Entreprisë géing erhalen, wann net souguer verbessert ginn. Mat besseren Aarbechtskonditioune kéint een d'Beruffer an der Industrie och nees méi attraktiv maachen.