
© RTL
E Freideg huet d'Finanzministesch um Bord vun enger Pressekonferenz op de Fait, dass de Credit Suisse sech a finanzielle Schwieregkeete befënnt, reagéiert.
D’Clientë vu Lëtzebuerger Banke bräichte sech keng Suergen ze maachen, esou d'Yuriko Backes. Nodeems de Credit Suisse a finanziell Schwieregkeete geroden ass, stéinge si an hire Ministère a permanentem Kontakt mat den Institutiounen an Autoritéiten, haaptsächlech der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF.
Et géing een d'Situatioun all Dag vu ganz no suivéieren.
Aktuell géing et, wéi d’CSSF scho géigeniwwer RTL sot, keng Risike fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz ginn. Och net fir d'Lëtzebuerger Filial vu Creidt Suisse. D'Fro vun enger eventueller staatlecher Interventioun géing sech hei am Land aktuell guer net stellen, sou d’Yuriko Backes.
COFIBU: Direkter vun der CSSF huet berouegt
No enger turbulenter Woch op de Finanzmäert huet och den Direkter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, de Claude Marx, e Freideg de Moien op d'Froe vun den Deputéiert aus der parlamentarescher Finanzkommissioun geäntwert a konnt do berouegen, seet den CSV Deputéierten Laurent Mosar: "Ech kann och déi Positioun vum Direkter vun der CSSF mat zwou Hänn ënnerschreiwen, well ech eigentlech fannen, dass déi Autoritéite vun deenen zwee Länner, an deenen déi zwou betraffe Banken hire Siège hunn, eigentlech séier a richteg reagéiert hunn. Dat gëllt natierlech fir d'alleréischt fir déi amerikanesch Bank an dann awer och fir de Credit Suisse."
Och d'Pirate sinn eenegermoosse rassuréiert, heescht et vum Sven Clement. Virop well eng Faillite, wéi bei der Silicon Valley Bank, sech zu Lëtzebuerg méi wéi sécher net ka reproduzéieren: "Well eis Banken eng vill méi héich Eegekapital-Quot hunn, wéi dat an Amerika de Fall ass an och alleguer Stresstester maachen, eppes wat an Amerika bei der Silicon Valley Bank ebe grad net gemaach gouf. Beim Crédit Suisse ass et jo d'Vertrauen vun den Investisseuren, dat um Spill steet. D'FINMA, de Schwäizer Regulateur huet der CSSF gesot, datt se sech keng Suerge soll maachen. Mir hu kee Grond dat net ze gleewen a souguer wann eppes géif mam Crédit Suisse zu Lëtzebuerg geschéien, wier den Anlagesécherungsfong gutt genuch opgestallt, fir dat z'absorbéieren."
Den Ament ass awer net dovunner auszegoen, datt dat néideg ass. D'Bourssen hate jo positiv op de Prêt vu 50 Milliarde Schwäizer Frang reagéiert, deen de Credit Suisse bei der Schwäizer Zentralbank gemaach huet. Dat misst an den Aen vum Laurent Mosar och zu enger gewësser Berouegung am Bankesecteur féieren, quitt datt ee misst virsiichteg bleiwen, wann ee géif gesinn, wéi séier Panik kann entstoen.