De Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, Claude Marx reagéiert am Gespréich op den Zesummebroch vun der amerikanescher Silicon Valley Bank an de Schwieregkeete bei Crédit Suisse. Déi Schwäizer Bank ass eng vun deene Gréisste weltwäit, se gëllt als “Too big to fail”.
D’Aktie waren massiv agebrach an domadder stellt sech och d’Fro, wéi geféierlech d’Kris bei Crédit Suisse fir de weltwäite Finanzsystem ass. De Claude Marx erënnert drun, datt Crédit Suisse scho méi laang an enger schwiereger Situatioun ass a gëtt Entwarnung:
“Wat d’FINMA seet, also de Regulateur vun der Schwäiz, dat ass datt déi Bank haut absolut solvent ass. Elo ass et natierlech esou, datt den Aktiekurs och gedriwwe gëtt vum Vertrauen, dat d’Leit an Zukunft hunn, net nëmmen op de Snapshot vun haut an do gouf et effektiv e Vertrauensverloscht, deen zum Kursverfall gefouert huet, mä nach eng Kéier, déi Bank ass, der FINMA no, haut net insolvent an déi Schwäizer Nationalbank huet jo och agegraff an huet gesot, datt Bank kéint op Liquiditéiten zougräife wann se well an d’Bank huet gesot se géif 50 Milliarde gebrauchen.”
Fir de Guy Hoffmann, President vun der ABBL, wier d’Irrationalitéit eppes wat ee géif fäerte wei d’Feier: “Wann dir d’Chutten an de Coursë vun de Boursse kuck, dat seet am Fong näischt iwwer d’Solvabilitéit vun deene Banken aus.”
Credit Suisse hat akut Liquiditéitsproblemer, agesprongen ass d’ Schwäizer Zentralbank mat der d’ Annonce vu engem 50 Milliarde Kredit dat huet gehollef d’Marchéen nees ze berouegen.
De Guy Hoffmann: “De Fait dass de Credit Suisse 50 Milliarde geléint kritt heescht awer och, dass se muss 50 Milliarde wäerthalteg Garantien hannerleeën, dat weist awer och wann eng Bank dat kann, dass d’ Situatioun net grad esou dramatesch ass wéi se momentan duergestallt gett.”
An der EU an och zu Lëtzebuerg huet ee keng Angscht wéinst Credit Suisse virun engem Domino-Effet. Och d’Decisioun vun der europäescher Zantralbank um Donneschdeg géif weisen dass mir net nees am Zenario Finanzkrise sinn.
De Claude Marx:
“Dir hutt haut gesinn dass d EZB de Leetzëns em 0,50 gehéicht huet dat war och esou virausgesot d EZB ass net vun dem Plang ofgaangen huet also als zentrale Fokus Inflatioun ze bekämpfen nach ëmmer , an ass net wéinst Finanzstabilitéitsängschte wat och eng Roll ass vun enger Zentralbank , enger EZB, vun dem Plang deviéiert, dat ass jo och e Signal.”