Der Police gouf ënnert anerem en Dënschdeg géint 16.20 Auer en Abroch an engem Restaurant an der Rue de Trèves um Findel gemellt.

Wéi der Police dëst gemellt gouf, ass een dovunner ausgaangen, dass de méiglechen Täter nach am Gebai géif sinn. An tatsächlech konnt e Mann am Gebai immobiliséiert ginn. Wéi d'Gebailechkeet iwwerpréift gouf, war och séier kloer, dass den Täter sech wuel Zoutrëtt iwwert eng Fënster verschaaft huet, déi futti geschloe gouf.  Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet e Mandat d'arrêt géint de Mann erlooss a koum dono an Untersuchungshaft op Suessem.

Tëscht 11 Auer an 20 Auer gouf dann nach en Dënschdeg an en Haus an der Rue Haaptstrooss zu Lenzweiler agebrach, dat andeems eng Fënster opgebrach gouf. Den Täter oder d'Täter hunn alleguerten d'Raim duerchsicht, dobäi goufen ënnert anerem e puer Wäertgéigestänn geklaut, wéi zum Beispill Männer-Aueren. Eng Plainte gouf deposéiert an d'Ermëttlunge lafen.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf och nach op e Chantier an der Rue Dicks an der Stad agebrach. Dobäi goufen eng Buermaschinn an en Akkuschrauwer vun der Mark "Hilti" geklaut. Och hei gouf eng Plainte deposéiert.