Maschinn op Chantier um Sennengerbierg geklaut
Vun e Samschdeg op e Sonndeg waren nees Onéierlecher ënnerwee, déi an Haiser an op eng Baustell agebrach sinn.
D'Police mellt, een Abroch op eng Baustell um Sennengerbierg géint 9 Auer e Samschdeg de Moien, woubäi eng Maschinn geklaut gouf. D'Ermëttlunge goufe lancéiert.
Zu Beggen ass e Samschdeg den Owend an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Den oder d'Déif hunn dofir d'Scheif vun enger Dier hannert dem Haus ageschloen. Am Haus goufen eng Partie Wäertgéigestänn geklaut. D'Spueresécherung war op der Plaz an och hei gouf eng Enquête lancéiert.
Net wäit dovun ewech gouf zu Bäreldeng eng Fënster opgebrach, fir an en Haus ze kommen. Och hei goufen Ermëttlunge vun der Police ageleet.
E weideren Abroch gouf et zu Wëlwerwolz am Laf vum Samschdeg. Och hei gouf sech duerch Opbriechen an Aschloe vu Fënsteren an Dieren Accès an en Eefamilljenhaus verschaf. D'Spueresécherung war och hei op der Plaz.