D’Piraten fuerdere mat Nodrock d’Iwwerdroung an Opnam vu Sëtzungen an all de Gemengeréit an Transparenz an de Gemengesyndikater

Dernieft fuerdere si eenheetlech Reegelen, wat ënnert anerem d’Opträg ugeet, déi Gemengen erausginn. Op enger Pressekonferenz soten d’Piraten déi rezent Affären zu Hesper an zu Réiden géinge weisen, datt dat noutwendeg ass. "Ech well d’Wuert Korruptioun elo net benotzen, mee mir wëllen einfach verhënneren, datt een op dee Punkt kéim", sou de Piratendeputéierte Marc Goergen. De politesche Beroder a Kandidat Tommy Klein huet vun "Abusen, déi net am Interêt vum Bierger sinn" geschwat.

De Gemengeconseiller zu Réiden, de Raymond Remakel, huet d’Affär zu Réiden erkläert. D’Gemeng wollt, sou de Raymond Remakel, en Terrain kafen, fir d’Schoul auszebauen an huet d’Proprietäre vum Terrain gefrot, fir en Expert unzestellen, deen de Präis soll schätzen. De Schäffen Tom Faber soll duerno op eege Fauscht de Proprietären geroden hunn, fir bis no de Walen ze waarden, well den Terrain méi Wäert wier. Den Tom Faber soll dat an enger Gemengesëtzung zouginn hunn, mee géing dat elo dementéieren. D’Pirate froen eng ëffentlech Entschëllegung vum Schäffen Tom Faber. Ob se hien dann net wéilten denoncéieren? Op déi Fro hunn d’Pirate geäntwert, de Parquet kéint sech jo auto-saiséieren. Mat enger Opnam vun der Sitzung wier d’Affär séier gekläert gewiescht, huet de Raymond Remakel gemengt.

Wat den Detournement-Skandal zu Hesper ugeet, hei huet de Pirate-Kandidat zu Hesper de Mathis Godefroid e puer Punkten erausgepickt, dorënner d’Opträg, déi d’Gemeng ka bis e Montant vu 60.000 Euro ouni Kontroll vum Gemengerot erausginn. Hei froen d’Piraten méi Finanzkontroll. Dann huet de Mathis Godefroid och op d’Archive vun de Gemengesyndikater Hesper an Houwald higewisen, déi wärend dem Prozess wéinst Detournement géint zwee fréier Gemengebeamten verschwonne wieren. Ofgesinn vun enger Demissioun vun de Membere vun deene Syndikater huet de Mathis Godefroid méi Finanzkontroll gefuerdert. Net just an der Gemeng, mee eben och an de Gemengesyndikater, déi jo och ëffentlech Gelder géinge benotzen. Vum President vum Syndicat d’initiative vun Hesper verlaangen d’Piraten iwweregens eng Demissioun.