Präisser um Immobiliëmarché falen
© atHome.lu
Dem Grupp atHome no falen d'Präisser fir Haiser an Appartementer am ganze Land deels massiv. Eng Ausnam gëtt et allerdéngs am Norden.
Laang Jore sinn d'Präisser um Lëtzebuerger Immobiliësecteur konstant an d'Luucht gaangen. Ma wéi den Immobilieportal atHome en Dënschdeg matdeelt, sinn d'Präisser fir Haiser an Appartementer am éischten Trimester vum Joer 2023 gefall. Op ee Joer gekuckt wier et eng Baisse vu 5,1 Prozent, 5,2 Prozent bei den Haiser a 5,0 Prozent bei den Appartementer.
Mat 7,4 Prozent ass d'Baisse bei neien Immobilie méi héich wéi bei ale mat 3,9 Prozent.
Am Weste vum Land sinn d'Präisser bei den Haiser mat 9,8 Prozent am stäerkste gefall. Dofir d'Appartementer mat 1,4 Prozent am mannsten.
Just an enger Regioun sinn d'Präisser fir Haiser geklommen, an zwar am Norden. Hei ass et souguer eng zolitten Hausse vun 10,2 Prozent. D'Präisser fir Appartementer si par Konter ëm 4,3 Prozent gefall. Bei de Präisser handelt et sech ëm déi annoncéiert Präisser an net ëm dat, wat schlussendlech och wierklech bezuelt gouf. Et ass éischter warscheinlech, datt déi wierklech Präisser méi niddreg ausgefall si wéi dat, wat gefrot gouf.
© atHome.lu
Bei de Loyeren ass et iwwerdeems déi géigesätzlech Entwécklung. Am Schnëtt si se bannent engem Joer ëm 8,7 Prozent geklommen. Am stäerksten d'Augmentatioun am Zentrum mat 10,6 Prozent an am Süde mat 9,8 Prozent. Eenzeg am Oste sinn d'Loyere ëm 1,3 Prozent gefall.




Eng méi detailléiert Analyse vun der Evolutioun um Lëtzebuerger Immobiliëmarché fannt Dir bei eise Kolleege vu 5minutes.