CSV leet op Käschte vun LSAP an DP bäi
Gréisser Changementer am Verglach mam November bei de Resultater vun der Sonndesfro, déi d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort gemaach huet.
CSV leet nees bäi, aktuell Regierung géif Majoritéit behalen
D'CSV wënnt zwee Sëtz, dofir mussen d'LSAP an d'DP allkéiers ee Sëtz ofginn. Dat sinn d'Resultater aus der neier Sonndesfro, déi d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach huet.
Et mierkt een en Effet "Frieden". D'CSV ka sech am Verglach zur Sonndesfro viru sechs Méint verbesseren, mä läit awer nach ëmmer 4 Sëtz ënnert hirem Walresultat vun 2018.
D'LSAP an d'DP mussen allkéiers ee Sëtz ofginn, am Verglach mat viru sechs Méint. D'LSAP bleift awer knapp virun der DP. Blo-Rout-Gréng kéim den Ament op 31 Sëtz, virun engem hallwe Joer waren et der nach 33.
D'Piraten leien och nach ëmmer bei 6 Sëtz, also +4 am Verglach mat de Walen 2018. Déi Gréng hale sech bei 8 Sëtz, d'ADR bleift bei 4 Sëtz, déi Lénk bei 2. A Fokus kënnt op 2 Prozent.
"Wie géif Dir Iech als Premier wënschen?"
Dëst war dann och eng vun de Froen an dësem Sondage. 30 Prozent wënsche sech de Xavier Bettel als Staatsminister. 23 Prozent ënnerstëtzen eng Premierministesch Paulette Lenert. 20 Prozent si fir de Luc Frieden a 6 Prozent fir d'Sam Tanson un der Spëtzt vun enger méiglecher Regierung. 21 Prozent soten awer och, si wéilten entweder keen dovunner oder et wär hinnen egal oder Änleches. D'Leit haten de Choix tëscht de Spëtzekandidate vun de véier grousse Parteien.
"Wie soll an d'Regierung?"
Et konnt een d'Parteien nennen, déi ee gären an der Regierung hätt. 47 Prozent wëllen d'LSAP an enger Regierung. 42 Prozent si fir d'CSV, direkt hannendru kënnt d'DP mat 41 Prozent. Déi Gréng wéilten 29 Prozent an enger Koalitioun an d'Piraten kommen op 17 Prozent.
Am meeschten hunn d'Leit sech fir zwou Parteien decidéiert, déi d'Regierung sollte forméieren. Dat war den Ëmfroen no awer fir déi leschte Kéier Enn 2020 méiglech. Zanterdeem si just Dräierkoalitioune méiglech.
Den Detail
Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 23. Mäerz an dem 6. Abrëll 2023 gemaach gouf, goufen 1.885 Wieler iwwer Telefon an Online befrot.
Detailer wéi ëmmer och op Alia.lu