15 Reunioune vun all Kéiers bal engem Dag a kee Resultat. Dat ass de virleefege Bilan vun de Kollektivvertragsverhandlunge bei der Cargolux.

Dës wiert sech allerdéngs géint de Begrëff "Verhandlungen". Där hätt et an hiren Aen nach guer keng ginn.

Nodeems d'Gewerkschaften decidéiert hunn, d'Conciliatioun anzeschalten, soll d'Direktioun vun der Cargolux elo wëlles hunn, Recours géint dës Decisioun anzeleeën, wéi de Paul de Araujo vum LCGB erkläert.

"Mir kruten d'Informatioun, dass d'Direktioun wëlles huet, Recours ze maache géint d'Decisioun vun der Conciliatioun. Dat ass och vun der Direktioun un d'Personal dës Woch kommunizéiert ginn."

Cargolux refuséiert Conciliatioun mat de Gewerkschaften / Maxime Gillen

Enn 2022 ass de leschte Kollektivvertrag bei der Cargolux ausgelaf. D'Gewerkschafte fuerderen, dass d'Aarbecht vum Personal an de leschte Joren honoréiert gëtt. Virun allem well de Betrib enorm Beneficer an där Zäit gemaach huet.

"Et ware keng einfach Zäiten. D'Personal war awer déi ganzen Zäit present. Dat huet erméiglecht, dass d'Cargolux praktesch dräi Rekordjoer hannertenee konnt erwirtschaften. Mir froen u sech einfach e Retour equitable fir d'Leit am Sënn vun nohaltege Lounopbesserungen an nohaltege Verbesserunge vun den Aarbechtskonditioune mat enger besserer Conciliatioun tëscht Aarbecht a Privatliewen."

Bei de Personalvertrieder huet een dann och kee Versteesdemech dofir, dass d'Cargolux éischtens refuséiert huet, seriö mat de Gewerkschaften ze verhandelen a sech zweetens weigert, mat an d'Conciliatioun ze goen.

"D'Volontéit hei vun der Cargolux ass ganz kloer, fir de Lëtzebuerger Sozialdialogsmodell vreckt ze maachen, respektiv d'Daseinsberechtegung vun der Conciliatioun a Fro ze stellen. Dat ass inakzeptabel, well dat géif de ganze System vreckt maachen."

E Mëttwoch ass d'Assemblée Générale vun der Cargolux. Dee Moment ginn och d'Resultater vun zejoert presentéiert. A vläicht gëtt et dann och eng Äntwert op d'Fro, wéi ee wëlles huet, mat den Negociatioune vum Kollektivvertrag virunzefueren.