Hannergrond ass e Wirtschaftsseminär vum Statec zum Thema "Stellewäert vun de Gewerkschaften an enger Lëtzebuerger Ekonomie, déi sech verännert".

D'Gewerkschafte fille sech besonnesch provozéiert, well en Universitéitsproff e Virtrag soll hale mam Titel "Will they rise again?" - op Lëtzebuergesch: wäerten si nees "opstoen" oder "operstoen", jee no Interpretatioun.

Kritik u Statec wéinst Ëmgang mat de Gewerkschaften / Reportage Jean-Marc Sturm

Donieft géinge Leit vun der OECD, der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, d'Wuert ergräifen, déi de Gewerkschaften no an der Vergaangenheet schonn hir Feindlechkeet géigeniwwer de Vertrieder vun de Salariéeë gewisen hätt.

D'Exposéë kruten zwou Stonnen accordéiert. D'Gewerkschaften hätten hirersäits just 15 Minutten ugebuede kritt, fir op d’Virträg ze reagéieren.

Resultat: D'Gewerkschaften hunn dem Seminär vum Statec e Kuerf ginn. OGBL, LCGB a CGFP froe sech, ob de Statec an der Lescht nach onparteiesch an onofhängeg ass. Et kéimen ëmmer nees Etüde mat Kritik un de Gewerkschaften. Zum Beispill dass d'Gewerkschaften am Néiergank wieren an enger Aarbechtswelt, déi sech ännert. Detailléiert Analysen iwwert d'Evolutioun vun de Membere bei Parteien, Patronatsorganisatiounen oder ONGe wiere seelen.

D'Gewerkschaften hunn dann de Verdacht, dass de Statec sech politesch beaflosse léisst a probéiert, de Sozialdialog ze torpedéieren.

LCGB, OGBL a CGFP weisen dann nach ënnert anerem mam Fanger op presuméiert Gemauschels tëscht dem Statec an dem Observatoire fir d'Kompetitivitéit, deen am Organigramm vum Wirtschaftsministère steet.

De Statec reagéiert

Effektiv wier een iwwerrascht gewiescht op d'Reaktioun vun de Gewerkschaften, déi e Méindeg an der Press nozeliese waren. De Statec widderhëlt nach emol, wéi wichteg de Sozialdialog wier an de Programm vum Seminaire hätt och gréisser Phase fir Diskussiounen an en Echange tëscht den internationalen an nationalen Experte virgesinn, sou wéi e gemeinsaamt Iessen. Dëst wier am Programm ze fannen.

Deemno widderhëlt de Statec seng Invitatioun un d'Gewerkschafte fir de Seminaire nach emol, wier awer och bereet sech an engem anere Kader ze gesinn.