Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an der Chamber presentéiert

En Dënschdeg am Nomëtteg huet d'Finanzministesch Yuriko Backes de Programm fir Wuesstem a Stabilitéit an der Chamber presentéiert.
Trotz engem konjunkturell a geopolitesch schwieregem Hannergrond hätt een zesumme mat de Sozialpartner um Niveau vun den Aarbechtsplazen, der Kafkraaft an der Inflatioun Mesuren decidéiert, déi d'Land stäerken.
All d'Mesuren, déi geholl goufen, kaschten dëst Joer 425 Milliounen Euro. 2024 wäerten et iwwer 900 Millioune sinn. Der Yuriko Backes no wieren dës Sue gutt investéiert:
"Jo déi Mesurë kaschten, mä si kaschten net ze vill. De Präis, näischt ze maachen, wier vill méi héich gewiescht, op sozialem Plang, an op ekonomeschem Plang. Lëtzebuerg ka sech déi Mesuren och dofir leeschten, well dës
Regierung responsabel mat den ëffentleche Finanzen ëmgeet."
D'Finanzministesch huet ënnerstrach, dass ee beim Zil bleift, d'Staatsschold ënnert 30 Prozent vum PIB ze halen.
Iwwerdeems huet d'Ministesch dorop higewisen, dass den Iwwerschoss bei der Sécurité sociale wéinst der demografescher Entwécklung progressiv erofgeet. Dat wier eng strukturell Erausfuerderung, där d'Land sech mëttelfristeg stelle misst.
"2023 rechne mer nach mat engem Iwwerschoss vun iwwert enger Milliard Euro. 2027 wier en dann nach just ronn hallef sou héich."
Ënnert der ganzer Panoplie vu Sujeten a Chiffere goung et och ëm de Problem beim Logement. Déi ëffentlech Hand wëll a Logementsprojeten investéieren. Et wier awer net um Staat, de Promoteuren hir Margen ze garantéieren.
"Ech sinn net bereet, mat Steiergelder d’Logementspräisser kënschtlech héisch ze halen. Solidaritéit ass kee Sens unique! Dofir riichten ech hei en Appell un all private Promoteur, deen op senge Projete sëtze bleift: bedeelegt iech um Akt vun der géigesäiteger Solidaritéit, a kommt op eis duer wann dir un engem éierlechen Effort am Interêt vun eis alleguer interesséiert sidd."
Vum Wirtschaftsminister Franz Fayot waren et Explikatiounen iwwert de Reformplang vum Staat. Do dominéiert déi ekologesch an nohalteg Transitioun, oder nach d'Lutte géint d'Aarmut.