RëmerschenDe Projet Schoulcampus Baggerweier suergt fir déck Loft am Gemengerot

Jeannot Ries
Mat 8 Jo an 3 Géigestëmme gouf decidéiert, d'Prozedur ze lancéieren, fir d'Zesummenaarbecht mam Architektebüro Valentiny hvp auszesetzen.
Rëmerschen: Projet 'Schoulcampus Baggerweier' suergt fir déck Loft am Gemengerot
Mat 8 Jo an 3 Géigestëmme gouf decidéiert, d’Prozedur ze lancéieren, fir d’Zesummenaarbecht mam Architektebüro Valentiny hvp auszesetzen.

An der Gemeng Schengen suergt de Projet vum Schoulcampus Baggerweier fir Opreegung. Net just well d’Iddi, eng nei Zentralschoul mat Sportshal ze bauen, u sech net jidderengem an der Gemeng gefält. En Donneschdeg huet sech de Gemengerot doriwwer eraus och mat der Intentioun beschäftegt, fir zwee Kontrakter mat engem vun den Architektebüroen ze kënnegen. Eng Zesummenaarbecht wier aus verschiddene Grënn net méi méiglech, sou de Buergermeeschter Michel Gloden.

Bei deem Architektebüro handelt et sech net ëm egal wat fir een.

Et ass sou ze soen den Noper vun der Gemeng. Valentiny hvp ass méi, wéi just e Begrëff zu Rëmerschen. Iwwer laang Joren hätt een och gutt zesumme geschafft. D’Meritte vum Büro géifen och elo net a Fro gestallt, sou de Buergermeeschter Michel Gloden. Ma bei dësem Projet, wier een eben net méi op der selwechter Wellelängt.

“Mir hu verschidde Visiounen. An et ass wierklech ermiddend, wann een immens oft muss argumentéieren, firwat een eppes gär hätt. An dat gëtt oft a Fro gestallt. Da kënnt einfach iergendwann de Punkt wou een sech seet: mir wëllen einfach am Projet avancéieren. Ech gesinn dat heiten elo och éierlech gesot, elo dat ass näischt esou Aussergewéinleches. Mir sinn nach ganz am Ufank vum Projet. Da muss een einfach soen, et hätt dës Kéier net solle sinn.”

D’Propos vum Schäfferot, net de ganze Projet, ma just d’Zesummenaarbecht mat engem Büro ze stoppen, ass am Gemengerot net op Unanimitéit gestouss. De Buergermeeschter huet sech enger Rei kritesche Froe misse stellen.

Um Enn gouf awer, mat 8 Jo an 3 Géigestëmmen decidéiert, d’Prozedur ze lancéieren, fir d’Zesummenaarbecht mam Architektebüro Valentiny hvp auszesetzen. Elo kritt de Büro dat matgedeelt. Den Architektebüro kann och eng Stellungnam ofginn. Da wäert de Schäfferot un d’Soumissiounskommissioun eruntrieden. Da kënnt deen Avis zeréck bei de Schäfferot, deen deen Ament tranchéiert, ob de Kontrakt opgeléist gëtt.

De Projet am Agang vu Rëmerschen stéisst u sech och generell op Widderstand, well déi aktuell Schoule vu Bech-Maacher an Elweng do regroupéiert géifen. Dobäi kënnt eng gewëss Nervositéit op politeschem Niveau, well eng éischte Kéier an der Gemeng Schengen, nom Proporz-System gewielt wäert ginn.

Valentiny hvp: “Press besser informéiert wéi mir”
No der Diffusioun vum Reportage koum d’Schreiwes vum Architektebüro um Freideg am Nomëtteg. Et wier een iwwer d’Medie gewuer ginn, datt zwee Kontrakter mat der Gemeng opgeléist gi wieren. Derbäi hätt ee 4 Joer laang un deem Projet geschafft. Et géing een och weiderhin net wëssen, wat engem géing reprochéiert ginn. D’Press war besser informéiert wéi mir, sou Valentiny hvp.

Back to Top
CIM LOGO