
Déi brittesch Tëleeschaîne ITV huet e Freideg iwwer déi ondatéiert Foto bericht. Si gehéiert zu de Millioune am Kader vum Fall Epstein, déi den US-Justizministère Ufank vum Joer publizéiert huet.
Den Andrew an de Mandelson dauchen eng sëllege Mol an de sougenannten Epstein-Akten op. Dat elo entdeckte Bild, dat net datéiert ass, weist den deemolege Prënz Andrew an de Mandelson zesummen am Buedmantel nieft dem Epstein. Si sëtze buerféiss op enger hëlzener Terrass. Den Epstein huet een donkele Pullover an eng hell Box un.
ITV no ass d’Bild op Martha’s Vineyard entstanen, enger Insel am US-Bundesstaat Massachusetts. Warscheinlech wier et tëscht 1999 an 2000 opgeholl ginn - an domat eng ganz Rei Joren, ier den Epstein 2008 zu enger Prisongsstrof verurteelt gouf, well hien ee mannerjäregt Meedchen an d’Prostitutioun gedriwwen hat.
D’Bezéiung vum Andrew Mountbatten-Windsor an dem Mandelson zum 2019 verstuerwenen Epstein suergt zanter Méint a Groussbritannien fir Opreegung. Béid Männer goufe leschte Mount am Kader vum Epstein-Skandal festgeholl, ma béid bestreiden, sech falsch beholl ze hunn.
Dem fréiere Prënz Andrew goufen d’lescht Joer seng royal Titelen oferkannt. Hie gëtt beschëllegt, wärend senger Zäit als britteschen Handelsbeoptraagten tëscht 2001 an 2011 geheim Dokumenter un den Epstein weiderginn ze hunn.
Och de fréiere brittesche Minister, Ambassadeur an EU-Kommissär Mandelson soll a senger Zäit als Regierungsmember Informatiounen un den Epstein weiderginn hunn, ënnert anerem wärend der Finanzkris 2008. De brittesche PRemier Keir Starmer huet de Mandelson am September zejoert als Ambassadeur zu Washington entlooss, nodeems nei Informatioune bekannt gi sinn, déi d’Ausmooss vu senger Frëndschaft mam Epstein gewisen hunn.
Den Epstein soll iwwer 1000 Mannerjäreger a jonk Frae mëssbraucht hunn. Deelweis soll de gutt connectéierte Multimillionär d’Affer u Prominenter vermëttelt hunn. Am Juni 2019 war den Epstein op en Neits festgeholl ginn an huet missen an de Prisong. Den 10. August 2019 gouf hien dout a senger Zell zu New York fonnt. Den Autoritéiten no hätt hie sech suicidéiert.