"Een Esch fir eis all"

Ënnert dem Slogan "Een Esch fir eis all" wëllt d’CSV Esch d’Wieler iwwerzeegen, hinnen nach eemol 6 Joer hiert Vertrauen ze schenken.
Et wéilt een dat weiderféieren, wat een an de leschte 5 an engem hallwe Joer ugefaangen hätt, sot den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo. ¾ vum Koalitiounsprogramm hätt ee schonn ëmgesat, wat 120 Projete wieren. Zanter 2017 hätt een eng nei Dynamik geschafen, an dem Stëllstand zu Esch en Enn gesat.
Mat der Beliewung vum Commerce hätt een, wéi iwwerall den Ament, emol Schwieregkeeten. Zanter dass een awer um Rudder ass, wier e wirtschaftlechen Opschwong ze erkennen, seet den Escher Buergermeeschter. Dëst duerch Projete wéi zum Beispill CLAIRE a Popup-Storen. D’Stad wéilt dann och eidel stoend Lokaler opkafen, fir se zu engem soziale Loyer ze verlounen. Vun 2024 u wëllt een d’Uelzechtstrooss nei gestalten, fir de Geschäftsleit nees eng modern Strooss kënnen ze bidden.

© Diana Hoffmann / RTL
Zu Esch als zweetgréisst Stad vum Land ass och d’Sécherheet vun de Bierger ëmmer nees Thema. "Sécherheet ass ee vun de wichtegste Sujeten, well d’Leit sech solle wuelfillen", huet de Georges Mischo betount. Dofir wäert ee sech och weiderhin fir eng verhältnisméisseg Kameraiwwerwaachung asetzen, woufir den Ament schonn eng Impaktstudie leeft. Och fir eng Police municipale wäert déi Escher CSV sech staark maachen. Fir d’Sécherheet am Verkéier wëllt een d’Iddien, déi scho virleien, duerchsetzen. Soubal d’Liaison Micheville fäerdeg ass, soll de Boulevard Kennedy zum Beispill zu engem Shared Space ëmgebaut ginn.

© Helder Loureiro Alves da Silva
Um Niveau vun der Educatioun wier een ëmmer nach dobäi, Retarden a verpasste Chancen opzeschaffen. Vum Model vun der Ganzdagsschoulen als Konzept wëllt een ofgesinn, well dëst ni kéint Realitéit ginn, ouni en néidegt Gesetz vum Ministère op nationalem Niveau. Dofir wéilt een op gemeinsam pedagogesch Konzepter setzen, seet Schäffe Christian Weis. Maison relais a Schoul sollen zesumme geplangt ginn. Domat hätt een dann och eng Form vu enger ganz deeglecher Betreiung.
An de Quartiere wëllt d’CSV dann Antennen, also Plaze fir Informatioun an Zesummekommen, souwuel fir eeler Leit, wéi och esouguer fir Jugendlecher etabléieren, sot de Schäffen André Zwally. Fir eeler auslännesch Matbierger wëll een Aktivitéiten ubidden, déi hëllefen, dass se weider an d’Gesellschaft integréiert sinn.
Et hätt een nei Iddien a biergerno Konzepter an et géing ee keng Märercher erzielen, huet de Georges Mischo betount. Wou hien dann och scho bei de Versprieche vun der LSAP Esch war, déi 1.500 sozial Wunnenge bis 2035 wëllt schafen. Dëst wier total onrealistesch, souwuel finanziell, wéi och vun der Zäitschinn hier, sot den Escher Buergermeeschter. Hie mengt dem LSAP-Spëtzekandidat vun Esch de Steve Faltz géing et un der néideger politescher Erfarung feelen.
Wéinst der Covid-Kris hätt d’Gemeng finanziell Abousse gehat an et hätt een net all Projet kéinten esou séier virundreiwen, wéi een dat wëlles hat, sot de Georges Mischo. Et misst een natierlech tëscht dem Walprogramm vun 2017 an dem Koalitiounsaccord ënnerscheeden. Et wieren zum Beispill Projete wéi e Centre Culturel, déi net ëmgesat goufen a wou villäicht elo eréischt den Ament wier, fir Neel mat Käpp ze maachen.