Finanzministère deelt matScope Ratings confirméiert "AAA"-Rating fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Rating-Agence Scope Ratings den héchste Score fir Lëtzebuerg confirméiert. Dat mat stabillem Ausbléck, wéi de Finanzministère confirméiert.
© AFP

Scope Ratings hätt ënnert anerem d’Widderstandsfäegkeet vun der Lëtzebuergescher Wirtschaft ervirgehuewen, deelt de Finanzministère e Samschdeg de Moie mat. Et géif am Land eng “héich Produktivitéit” an “dynamesch Secteuren”, wéi de Finanzsecteur an dee vun der Informatiounstechnologie ginn.

Nodeems de Wuesstem am leschte Joer éischter moderat war, steet och den aktuellen, kuerzfristegen Ausbléck staark a Verbindung mat der internationaler Lag, besonnesch am Bléck op d’Energiepräisser an déi geopolitesch Situatioun am Noen a Mëttleren Osten. Lëtzebuerg wier hei awer vergläichbar resilient, virop well den Energieverbrauch relativ niddreg wär.

Obwuel et och zu Lëtzebuerg zukünfteg méi Ausgaben am Beräich vun der Verdeedegung, awer och am Zesummenhang mat enger méiglecher Energieinflatioun an Erhéijunge bei Pai a Sozialleeschtunge kéint ginn, huet d’Agence an hirem AAA-Rating och d’Soliditéit vun den ëffentleche Finanzen ervirgehuewen.

Viru Scope Ratings haten Enn Januar a Mëtt Februar och scho Standard & Poor’s a Moody’s den AAA fir Lëtzebuerg confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO