Zënter dem 13. Mee dierfen d'Parteien a Biergerinitiativen hir Plakater fir d'Gemengewalen ophänken. Dobäi musse verschidde Reegele respektéiert ginn.

D'Zuel vun den Affichen a Panneauen ass illimitéiert. Et muss awer jiddereen eng "Permission de voirie" beim Mobilitéitsministère a bei Ponts et chaussées ufroen a gewësse Reegele respektéieren. Dat zum Beispill wat d'Gréisst vun de Plakater an d'Plaz wou se presentéiert ginn, ubelaangt. Och wéi laang se no de Gemengewalen den 11. Juni nach dierfen hänken respektiv stoe bleiwen, ass gereegelt.

Dass d'Verkéierssécherheet net gestéiert gëtt, mussen d'Affichen a Panneauen och eng gewëssen Distanz zur Strooss halen an um Trottoir Plaz fir Foussgänger oder Cycliste loossen. Op Kräizungen oder a Rond-pointen dierfen iwwerdeems keng Walplakater opgestallt ginn.

Zu Dippech hat d'Biergerinitiativ rezent ee grousst Schëld mat engem Plakat misse réckelen, well et Ponts et Chaussées no riskéiert hätt, Automobilisten am Rond-point ofzelenken.