"Mir wëllen d'Leit mathuelen"
D'Generalsekretärin vun der DP Carole Hartmann war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".
679 Kandidate gi fir d'DP mat an d'Gemengewalen, dat wieren der esouvill wéi nach ni, esou d'Invitée. Och de Premier Xavier Bettel wier an de véier Bezierker ënnerwee, fir d'Politik vun der Regierung ze verdeedegen an de Leit ze erklären, wéi et an Zukunft viru geet.
Slogan vun der DP: No bei dir
Et geet een als DP dovun aus, dass d'Liewe vun de Leit sech an de leschte Jore verännert huet. D'Carole Hartmann: "Duerch eng Pandemie, de Klimawandel huet do och säi Rôle ze spillen an déi lescht Joren hunn d'Leit vill méi op Teletravail zréckgegraff, dat heescht d'Wunnen an d'Schaffe vun de Leit ass nees vill méi no geréckelt." Dofir misst d'Gemengepolitik och no bei de Leit sinn, fir d'Demokratesch Partei wier et d'Zil, d'Zesummeliewen nees ze stäerken. An der Energie-, Logements- a Mobilitéitspolitik wéilt een d'Leit mathuelen, esou d'DP-Politikerin.
Weider Theme waren d'Sécherheetspolitik an d'Erausfuerderunge fir d'Gemeng Iechternach.
Weider Walemissiounen op RTL
Um Samschdeg ass d'Djuna Bernard vun Déi Gréng Invitée an der Emissioun "5 Froen un".
LINK: Fannt hei weider Noriichten iwwert d'Gemengewalen an d'Kandidaten