D'Co-Parteipresidentin vun déi gréng Djuna Bernard war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invitée am "5 Froen un".

"Däitschland ass Däitschland a Lëtzebuerg ass Lëtzebuerg. Déi Discourse soll een net vermëschen. Fakt ass, datt zu Lëtzebuerg kee seng Gas- oder Masuttsheizung ewechgeholl kritt", betount d'Djuna Bernard am RTL Interview.   D'Defie vun eiser Gesellschaft wieren enorm grouss, dofir sollt een déi gréng wielen.

Gemengen a Stied hunn eng Schlësselroll

Extrem konkret wiere Klimapolitik an Energietransitioun op Gemengen-Niveau. "Et ass do, wou Bierger a Biergerinnen et spieren a wou ee se och ka mathuelen." Dat kéint bei der Energietransitioun sinn, bei Energiekooperativen, bei der Gestaltung vun ëffentleche Plazen a bei der Mobilitéit. Hei kéint een Incentive ginn, wéi ee méi gréng, méi nohalteg a méi liewenswäert Gemenge kéint hunn.

Optimismus fir e Wiessel an der Stad Lëtzebuerg 

An der Stad Lëtzebuerg trieden d'DP- an CSV-Spëtzekandidaten op wéi en ageschwuerent Team. Déi gréng sinn trotzdeem optimistesch mat hirem Spëtzekandidat François Benoy un d'Rudder ze kommen. D'Haaptstad stéing viru groussen Erausfuerderungen, betount d'Djuna Bernard, an déi gréng géife mat enger Visioun a Besserungsproposen untrieden, fir e Zesummeliewen an de Quartieren ze gestalten, d'Mobilitéit an den Urbanismus.

Sécherheet

Déi gréng wieren um nationalen Niveau géint d'Penurie vu Polizisten virgaangen. Elo misst een dru schaffen, datt d'Sécherheetsgefill bei de Leit gestäerkt géif, d'Police visibel wier, vläicht och emol zu Fouss patrulléiere géif oder um Vëlo. Datt se no bei de Leit wier a, wann néideg, séier agräife kéint. Ma grad an de Gemenge kéint een och iwwer den Urbanismus vill erreechen, fir Plazen esou ze gestalten, datt d'Leit sech sécher fillen. Och Sozialaarbecht a Preventioun géifen eng wichteg Roll spillen. Grad wéi e lokale Sécherheetsplang, wéi e beispillsweis zu Déifferdeng ausgeschafft gi wier. All dës Facteure gesäit d'Co-Parteipresidentin vun déi gréng éischter als Äntwert, wéi eng Gemengepolice. Esou eng wëlle jo souwuel CSV, wéi och DP.

Weider Walemissiounen op RTL

E Méindeg ass de Claude Wiseler vun der CSV Invité an der Emissioun "5 Froen un".