Ouni Behandlung kann Diabetes déidlech sinn
All zweet Kand zu Lëtzebuerg, bei deem sech den Typ-1-Diabeetes manifestéiert, entwéckelt eng sougenannt Ketoazidose (op franséisch: Acidocétose).
Dat ass eng Stoffwiesselentgleisung, déi zum Doud féiere kann. Et ass dofir immens wichteg, Diabetes fréi z'erkennen. An deem Kader huet d’Kannerklinik vum CHL zesumme mat der ALD (Association Luxembourgeoise du diabète) an der SLD (Société Luxembourgeoise de Diabétologie) eng Campagne lancéiert, fir op déi Haaptsymptomer opmierksam ze maachen.
Wann e Kand stënterlech ufänkt, vill ze drénken, permanent op d’Toilette muss, onerklärlech Gewiicht verléiert, wéineg Energie huet an dauernd midd ass, da sollt een direkt en Dokter kontaktéieren. Ass een ze spéit un, riskéiert d’Kand nämlech ëmmer méi schwaach ze ginn a souguer an de Koma ze falen.
Dat huet am Abrëll 2022 d’Famill Lammers erlieft. Dat deemools zwee Joer jonkt Leni Lammers huet missen op der Intensivstatioun an der Kannerklinik betreit ginn, nodeems et him wéinst Insulinmangel an enger liewensgeféierlecher Stoffwiesselentgleisung ëmmer méi schlecht gaangen ass.

Zanter gewosst ass, dass d’Leni Diabetes Typ 1 huet, gesäit den Alldag vun der Famill Lammers anescht aus. Mat Hëllef vun enger Insulin-Pompel wäert d’Leni e Liewe laang säin Zockerwäert am Blutt musse regléieren a genee ausrechnen, wat et kann iessen. Reegelméisseg mussen den Chip, deen d’Bluttzockerwäerter moosst, an de Katheter, iwwert deen den Insulin an de Kierper gesprëtzt gëtt, och gewiesselt ginn. Mëttlerweil hunn d’Leni a seng Elteren awer geléiert, gutt mat der Situatioun ëmzegoen.
Si fannen et wichteg, dass all Elteren, Erzéier an och soss Leit, déi mat Kanner ze dinn hunn, op d’Symptomer vun Diabetes Typ 1 opmierksam gemaach ginn, fir fréizäiteg reagéieren ze kënnen.
Anescht wéi d’Ketoazidose ass den Typ-1-Diabetes zwar net ze vermeiden, mä et kann een d’Krankheet gutt behandelen a léieren domat ze liewen.