Ëmmer méi Beem hunn ënnert dem Klimawandel ze leiden, wat een och gutt um Prënzebierg gesäit. Elo soll de Projet "Klimabësch" deem entgéint wierken.

De Klimawandel ass weltwäit ukomm. Och bei eis am Grand-Duché kann een déi leschte Joer feststellen, dass d'Wieder changéiert huet. Et ass allgemeng méi dréchen a wann et reent, dann dacks net lues iwwer länger Zäit, mee mat kuerze staarke Schaueren. Dat huet och Konsequenzen op d'Bëscher.

Um Prënzebierg an der Gemeng Déifferdeng gesäit ee vill Fiichtebeem déi um Enn sinn. Si sinn ofgestuerwen. Dréchent an de "Buchdrucker" Borkenkäfer si Schold un deem Misär. Do wou fréier Eisenäerz ofgebaut gouf ass d'Natur am gaange sech déi Plaz zréckzehuelen.

D'Naturverwaltung versicht mat Hëllef vum "Klimabësch" deem entgéint ze wierken. Nieft eenheemesche Beem ginn och Beem-Zorten aus anere Regioune geplanzt. Dat sinn Eechen, Nësserten an ë.a. Käschtebeem. Dëst geschitt aktuell ronderëm de Fond-de-Gras. Awer och an anere Géigende vum Land gëtt de Projet "Klimabësch" ëmgesat.