Gëtt eng Gemengefusioun wierklech méi bëlleg?
Tëscht 2004 a September vun dësem Joer hunn insgesamt 14 Gemenge fusionéiert. Nach ëmmer 100 Gemenge bleiwen am Grand-Duché bestoen.
"Ech sinn och haut nach ëmmer der Iwwerzeegung – och no iwwer 10 Joer - datt et déi richteg Decisioun war", esou de Michel Gloden, aktuelle Buergermeeschter zu Schengen. 2011 ass d'Gemeng Schengen aus der Fusioun vun de Gemenge Rëmerschen, Welleschten a Biermereng entstanen. Den Ufank no der Signature vum Gesetz 2011 wier net onbedéngt einfach gewiescht an hätt vill Iwwerstonne verlaangt.
66 Prozent vun de Bierger aus de Gemengen Rëmerschen, Welleschten a Biermereng hate sech fir d'Fusioun vun der Schengener-Gemeng decidéiert.
Gemenge professionaliséiere sech weider
Tëscht 2004 a September vun dësem Joer hunn insgesamt 14 Gemenge fusionéiert. Nach ëmmer 100 Gemenge bleiwen am Grand-Duché bestoen. D'Virdeeler vun enger Gemengefusioun leien op der Hand. Méi Persounen op enger Plaz, heescht besser a méi qualitativ héichwäerteg a virun allem professionell Déngschtleeschtungen. Iwwert déi lescht Joren hu sech d'Gemengen ëmmer weider professionaliséiert – en einfache Gemengenaarbechter geet dacks net méi duer, esou Michel Gloden:"Et muss een d'Servicer iwwerhaapt emol an der Gemeng kreéieren. Et muss ee wëssen, datt wann der kleng Gemengen hat, dann hat der e Sekretär, e Receveur, vläicht nach eng bis zwou Persounen am Sekretariat. Wann der déi Leit da mol zesummebréngt, dann entstinn iwwerhaapt emol Servicer. Mir haten an de jeeweilege Gemenge virun der Fusioun kee richtege Service technique. Dat ass esou niewebäi matgemaach gi vun eenzele Leit."
Déi hätt ee sech och deemools net kënne leeschten, confirméiert de fréiere Gemengeconseiller vu Welleschten, den Tom Bellion. Et dauert Jore bis een eng Verbesserunge vum Service als Bierger richteg spiert:"Mir sinn zanter 12 Joer fusionéiert. Et spiert een als Bierger, datt et nach net optimal leeft an d‘Fusioun nach net richteg bei jidderengem ukomm ass."
"Ouni Service technique géif et haut net méi goen"
Eng méi staark a finanziell stabil Gemenge ass de Wonsch no enger Fusioun. Ma déi éischt Joren no enger Fusioun brénge vill organisatoreschen Opwand mat sech. Gläichzäiteg - an engem Land dat esou séier wiisst ewéi Lëtzebuerg - muss een och als kleng Gemeng am Oste vum Land mat den neien Erausfuerderunge mathalen, esou de Buergermeeschter: „Ouni e Service technique géif et haut net méi goen. Elleng alles, wat d'Baute-Saachen ugeet. An de leschten 10 Joer hu mir iwwer 2.000 Baugeneemegunge gemaach. Dat ass e Service un de Bierger. Ëmmer méi Leit adresséiere sech un d'Gemenge mat Froen, wou se gären Äntwerten hätten, wéi hire Projet virukënnt."
Den Ament vun der Fusioun hunn eng 4.200 Awunner an den 3 Gemenge gewunnt. Iwwert déi lescht 12 Joer sinn 1.000 dobäikomm. "Wann een dat deemools mat deem klengen Effektiv vun de jeeweilege Gemengen hätt misse maachen, da wier een ellen an schweesse komm", bestätegt de Michel Gloden.
Eng Gemengefusioun gëtt net onbedéngt méi bëlleg
Et ass net onbedéngt richteg, datt een als Gemeng no der Fusioun Sue spuert. Scho beim Personal sinn d'Käschte geklommen. De Budget vun der Gemeng louch direkt no der Fusioun 2012 bei 19 Milliounen. 2021 louch ee scho bei 25 Milliounen. Wat een och méi Kapazitéite fir Projeten hätt, wat een och méi Projete wéilt ëmsetzen, erkläert de Buergermeeschter. An de jeeweilege Gemengen hu virun der Fusioun 40 Leit geschafft. Aktuell ass een zu 60. Den Opwand an de leschte Joren ass geklommen. "D'Gemeng Schengen ass am Naturpark a Klimapakt engagéiert, et kann een net méi einfach erausgoen a séier Kraut sprëtzen, haut huet ee méi Leit fir dat ze rappen. Et ass méi Opwand fir an all Beräich hautzedaags ze schafen."
E Fusiouns-Check fir Lëtzebuerg?
No enger Fusioun entwéckelt sech esou munch Gemeng fir hir Verhältnisser ganz séier virun- Esou och d'Gemeng Schengen. Verschidde Stäerkte vu klenge Gemengen, ewéi de Fakt no beim Bierger ze sinn oder d'Motivatioun fir eng sozial Integratioun, riskéiere verluer ze goen. Dofir freet den Tom Bellion en nationale Fusions-Check: "Hei géif konstant evaluéiert op déi Ziler, déi ee sech gesat huet, och erreecht gi sinn oder net. An déi, déi net erreecht gi sinn – do kann d'Gemeng dann nohëllefen. Et virun allem den emotionale Facteur aus deem Ganze raus. Dacks sinn et 'Meinungsmacher', déi d'Fusioun als gutt oder schlecht kategoriséieren, an dat steet dann einfach am Raum."
D'Schwäiz, déi an de leschten 23 Joer eng Reduktioun vu 751 Gemengen notéiert (aktuell nach 2.148) ass hei Spezialist. D'Fachhéichschoul Graubünden huet e Miessinstrument op der Basis vu 47 Indicateuren developpéiert, fir erauszefannen, ewéi erfollegräich eng Gemengefusioun war.
De Fusions-Check soll an éischter Linn de fusionéierte Gemenge bei hirer Entwécklung hëllefen. De Bierger an d'Administratioun gëtt esou informéiert, a wéi enge Beräicher déi versprache Verbesserungen ëmgesat goufen a wou et nach u Progrès feelt.