Virum Optakt vun de Verhandlungen zu IslamabadDonald Trump dreet dem Iran mat neien Attacken am Fall vun engem Echec

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President huet an engem Zeitungsinterview mam Asaz vun neie Waffe gedreet.
Den US-President Donald Trump.
© KENT NISHIMURA/AFP

Kuerz virum Optakt vun de fir e Samschdeg geplangte Gespréicher mam Iran an der pakistanescher Haaptstad Islamabad huet den Donald Trump eng weider Menace a Richtung Teheran ausgeschwat. Fir de Fall vun engem Echec vun de Gespréicher géif et deemno zu neien US-Attacken op den Iran kommen.

“Mir beluede Schëffer mat der beschter Munitioun, de beschte Waffen, déi mir jeemools produzéiert hunn - esouguer besser, ewéi dat, wat mir bis ewell agesat hunn”, sou den Trump an engem Interview mat der New York Post, deen e Freideg publizéiert gouf. Wann et net zu engem “Deal” géing kommen, géif een dës Waffen dann och asetzen, sou den Trump.

Den US-President huet am Interview och vun engem Neistart geschwat. Scho virdrun huet hien op senger Social-Media-Plattform Truth Social vum “gewaltegsten Neistart op der Welt” geschriwwen.

Den amerikanesche Vizepresident JD Vance ass e Freideg op Islamabad geflunn, fir do e Samschdeg mat iranesche Vertrieder iwwer eng friddlech Léisung vum Irankrich ze verhandelen. Ma aktuell ass onkloer, ob et iwwerhaapt zu Verhandlunge kënnt. Den Iran mécht seng Participatioun jo vun engem Enn vun den israeeleschen Attacken op de Libanon ofhängeg.

Back to Top
CIM LOGO