Police
Zeienopruff no geféierlechem Fuerverhalen tëscht Lausduer a Wäiswampech

© Laurent Weber / RTL (Archivbild)
En Donneschdeg de Moie géint 7.40 Auer koum et op der N7 tëscht Lausduer a Wäiswampech zu engem Iwwerhuelmanöver a bal zu enger Frontalkollisioun.
E schwaarzen SUV vun der Mark Ford hat een aneren Automobilist op där Plaz iwwer eng duebel duerchgezunne Linn iwwerholl an dobäi bal e schroen Accident provozéiert.
Fir déi genee Ëmstänn vum Virfall ze klären, sicht d'Police no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d'Police vun Ëlwen um Nummer (+352)244871000 oder per E-Mail u police.troisvierges@police.etat.lu.
Am meeschte gelies