De Co-Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".

"Rësel deng Gemeng"

Dat ass den Titel vum Kaderprogramm vun déi Lénk bei de Gemengewalen 2023. Do hannendru stécht dem Gary Diderich no d'Iddi, datt et un der Zäit ass, fir bestoend Verhältnisser un d'Wackelen ze bréngen.

Trotz den aktuelle Krisen, duerch déi d'Leit an existenziell Schwieregkeete géinge kommen, huet hien d'Gefill, wéi wann trotzdeem esou weidergefuer géing ginn, wéi wann näischt wier. Fir déi Lénk wier et awer elo de Moment, wou e Ruck misst duerch ee goen, wou ee méi Courage misst weisen an ee méi decisive misst virgoen, fir enger aner Dynamik ze kréien, sou de Gary Diderich.

Déi Lénk hu fir sozial Fortschrëtter gesuergt

Net verstoe kann de Gary Diderich, wann et vun anere Parteien heescht: Mir kënne mat jidderengem, mä net mat enger Partei um ganz rietse Bord oder enger Partei um ganz lénkse Bord. Déi Lénk wiere schliisslech eng Partei, déi un engem Bord wier, dee fir sozial Fortschrëtter gesuergt hätt. Wéi Beispillsweis Congésdeeg oder Pensioune bruecht huet.

Sollt hie Buergermeeschter vun Déifferdeng ginn, da kéinte sech d'Leit eng Determinatioun, fir déi aktuell Problemer unzegoen, vun him erwaarden. Donieft hätt ee chiffréiert Ziler, well een net wëll eidel Parolen op d'Plakater hänken. Als Beispill huet hien hei de Logement genannt. Hei wëll ee bis 2030 fir 10 Prozent ëffentlech Wunnenge suergen. Donieft wëllt een och d'Mobilitéit ganz änneren. Hei war et d'Kritik un déi Gréng am Schäfferot, datt an de leschte Joren nach ëmmer net vill geschitt wier. An da soll Déifferdeng och an alle Beräicher déi Stad fir Kanner ginn, déi do wunnen an och op Déifferdeng kommen.

E wichtegt Thema wier dann och d'Sécherheet. Ma et géing een awer viru falsche gudde Léisunge warnen, wéi Iwwerwaachungskameraen oder private Sécherheetsfirmen. Esou Saache géingen de Problem net léisen, sou de Gary Diderich. D'Sécherheet vun de Leit géing sech vill méi doranner decidéieren, wéi den ëffentleche Raum gestallt ass.

Mir hunn eis rout Linnen

Et géing een net just fir dobäi ze si mat an eng Koalitioun goen. Wichteg Punkten aus dem Walprogramm, wéi Mesurë géint d'Klimakris oder fir de soziale Logement ze fërderen, misste gi sinn, fir datt ee bereet wier, fir mat an eng Koalitioun ze goen a Verantwortung ze huelen, sou nach de Gary Diderich.