Déi offiziell Zeremonie an der Stad
Kee Monument huet d'Lëtzebuerger déi lescht Joerzéngte méi beschäftegt. D'Ried ass vun der Gëlle Fra.
D'Statue, déi de Claus Cito entworf huet, erënnert un all d'Lëtzebuerger, déi am Kampf fir d'Fräiheet gefall sinn. 1923 gouf se op der Bastioun opgestallt. Virun, datt se op Kommando vun de Nazien huet misse fort. 83 Joer méi spéit versammelt sech e fräit Lëtzebuerg op der Plaz vun der Gëlle Fra. Mat dobäi och de Grand-Duc Henri a Vertrieder vu sëllegen Insitutiounen a vun der Stad Lëtzebuerg.
Längst bedeit Fräiheet net nëmme méi, dass kee Krich ass, ma och de Respekt vun der Individualitéit, esou de Premier Xavier Bettel wärend der Zeremonie e Samschdeg: "Wa mir haut hei zesumme virun der Gëlle Fra stinn da feiere mir net nëmmen e Symbol, ma och e Liewensmodell. E Liewensmodell deen op Fräiheet, op Toleranz a Fridde fousst. E Modell, dee seng Preuve gemaach huet a weiderhi wäert maachen."
Nom Deposéiere vum Blummekranz goufen "nei-gedeefte" Gëlle Fra-Rousen niddergeluecht.
Fir d'Maisy Ginter-Bonichaux an d'Georgette Jacoby-Sheehan, déi rezent hiren 100 an éischte Gebuertsdag gefeiert huet, huet d'Gëlle Fra eng ganz besonnesch Symbolik: "Ech hat 16 Joer ewéi de Krich ugefaangen huet. Fir eis Jonk hat dat Monument net vill Bedeitung. Mä d'Gëlle Fra, déi drop stoung, huet eis ëmmer eppes gesot. Ëmmer wann ech an d'Stad kommen, kucken ech no der Gëlle Fra."
"D'Gëlle Fra huet fir mech e komesche Souvenir. Wou se deemools ofgerappt gouf, war méi Papp och hei. Hie gouf deemools mat an de Camion geheit bei der Villa Pauly. Säi Réck huet deemools wéi e Rousekranz ausgesinn esou vill Streech hat hie kritt."
100 Joer u Lëtzebuerger Geschicht; fir béid Damen ass kloer, nach eng kéier ofgerappt, dierf d'Gëlle Fra net méi ginn.