De 27. Mee 1923 gouf d'"Monument du souvenir" ageweit – 100 Joer, an deenen d’Gëlle Fra national an international u Bedeitung gewonnen huet.

En Denkmal fir d'Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich

D'Gëlle Fra an hir Geschicht
E Reportage vum 08.12.2010

Am Dezember 1918 kuerz nom Réckzuch vun den däitschen Truppen aus Lëtzebuerg gouf e Comité mam Zil gegrënnt, en nationaalt Monument fir déi ronn 3.000 Lëtzebuerger ze bauen, déi un der Säit vun de Fransouse gekämpft hunn. E Monument an en Zeechen a schwéieren Zäite mat villen Onsécherheeten. Awer och e géint Däitschland geriichte politesche Statement, deen d'Ënnerstëtzung fir d’Alliéiert aus dem Éischte Weltkrich demonstréiere sollt.

Als Site fir d'Monument huet sech de Comité vum "Monument du Souvenir" no enger Partie verworfe Proposen op d'Place de la Constitutioun gëeenegt. No der Annonce vum Bau vum Monument, goufen nieft dem nationale Comité och lokal a regional Comitéë gegrënnt, fir d'Fonge fir d'Monument ze sammelen. Esou goufen zum Beispill Theaterowender organiséiert, vun deenen d'Suen als Don un d'Fonge fir d'Denkmal goungen. Donieft koumen awer och vill privat Spenden zesummen a vun 1921 bis 1923 gouf eng speziell Timber-Serie, déi eppes méi kascht huet, verkaf.

Am Februar 1920 huet den nationale Comité e Concours fir e Monument fir d'Erënnerung un d'Lëtzebuerger Zaldoten am Éischte Weltkrich ausgeschriwwen. Aus 18 Projeten huet en internationale Jury sech fir "d'Friddenskinnigin" vum Sculpteur Claus Cito decidéiert. A sengem Atelier zu Käerjeng huet hien d'Forme vun der Gëlle Fra, souwéi déi vun den zwee Zaldoten ënnen um Sockel, aus Gips an Toun entworf, éier se mam Zuch an eng Géisserei op Bréissel transportéiert goufen.

Enn Dezember 1921 bis Mee 1923 hunn d'Opriichtaarbechte gedauert. Fir d'Aweiung am Mee 1923 gouf de ganze Weekend e grousse Festprogramm uechtert dat ganzt Land organiséiert, bei deem och déi lokal Comitéen an Associatioune matgemaach hunn. Sonndes, de 27. Mee, war et du souwäit. Mat engem Cortège goung et duerch d'Stad bei d'Place de la Constitution, wou d'Gëlle Fra offiziell ageweit gouf. Och hei huet Lëtzebuerg mat de Gäscht e politescht Zeeche gesat. Aus dem Ausland ware virun allem offiziell Vertrieder vun den Alliéierte Belsch, Frankräich an Italien op d'Inauguratioun agelueden – aus Däitschland war keen invitéiert. En Zeechen, datt Lëtzebuerg op der Säit vun de Gewënner vum Éischte Weltkrich stéing. No Riede vum Prënz Felix an dem President vum Comité du "Monument du souvenir" gouf d'Gëlle Fra mat 21 Kanouneschëss devoiléiert. Bis 1940 stoung d'Monument am Mëttelpunkt vu patriotesche Fester an offizielle Staatsakten. En Denkmal fir d'Lëtzebuerger Zaldoten, awer och en Zeeche fir déi franséisch-lëtzebuergesch Frëndschaft.

De Widderstand am Zweete Weltkrich

Scho kuerz no der Invasioun vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Truppen am Zweete Weltkrich gouf d'Gëlle Fra vun den Nazien ofgerappt. Den 21. Oktober 1940 gouf d'Lëtzebuerger Monument vun hirem Obelisk gerappt an ass mam Kapp um Buedem opgeschloen, woubäi si an dräi Stécker gebrach ass. Ma obwuel d'Gëlle Fra net méi virun den Nazien ze rette war, war et dem Student Constant Fischer gelongen, eng ofgebrachen Zéif vum Denkmal matzehuelen, déi hie Jorelaang als Bréifbeschwéierer genotzt huet. No sengem Doud hu seng Ierwe seng Miwwelen zesumme mat der gëllener Zéif versteet.

Obwuel d'Gëlle Fra wärend dem Zweete Weltkrich an der Erënnerungskultur net esou present war, wéi se et haut ass, an et eng gewësse Resistenz an der Bevëlkerung géint den Erëmopbau vum Monument gouf, koume schonn am November 1944 de Sockel an d'Schrëfttafelen zréck op hir Plaz. D'Gëlle Fra – an hiren dräi Deeler – gouf awer eréischt am Mee 1955 am Kader vun der "Semaine de la Resistance" dem Public presentéiert, éiert se fir 26 Joer "verschwonnen" ass. Am Januar 1980 gouf d'Gëlle Fra ënnert der Tribün vum Stade Josy Barthel fonnt, der Press gouf se awer eréischt ee Joer méi spéit presentéiert. Dräi Joer drop hunn d'Aarbechten um Monument ugefaangen an 1985 gouf d'Gëlle Fra nei ageweit. Nei um Denkmal: eng Tafel fir de Lëtzebuerger Zaldoten am Zweete Weltkrich ze gedenken. E Symbol vum Widderstand géint d'nationalsozialistesch Besatzer. Méi spéit koum nach eng weider Gedenktafel fir déi fräiwëlleg Lëtzebuerger am Koreakrich dobäi.

Kritik ronderëm d'Gëlle Fra

Am Laf vun de Jore gouf et awer och ëmmer nees Kritik ronderëm d'Gëlle Fra. Ugefaange mat der gëllener Damm selwer. Wéi de Projet an den 1920er presentéiert goufen, war d'Fra ville Leit "ze liicht bekleet". Nom Zweete Weltkrich gouf et eng gewësse Resistenz dogéint, d'Monument erëm opzebauen, well zwar de Lëtzebuerger Zaldoten un der Säit vun den Alliéierte geduecht sollt ginn, ma net deenen, déi vun den Däitschen zwangsrekrutéiert goufen.

2001 war e puer Meter nieft dem originalen Denkmal eng schwanger Gëlle Fra opgeriicht ginn. D’"Lady Rosa of Luxembourg" war e Wierk vun der kroatesch Kënschtlerin Sanja Ivekovic iwwer sensibel soziokulturellan historesch Aspekter am Grand-Duché am Kader vun der Expo "Luxembourg, les Luxembourgeois: consensus et passions bridées".

D'Rees op Shanghai

D'Rees op Shanghai suergt fir Opreegung
Reportage vum 03.03.2010

Ma och d'Rees vun der 1,5 Tonne schwéierer Gëlle Fra op Shanghai stoung an der Kritik. 2010 stoung d'Skulptur 6 Méint laang an der Entrée vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung. Nieft de Risken, déi esou eng Rees fir d'Statu mat sech bréngt, gouf och kritiséiert, datt d'Gëlle Fra net als Fräiheetssymbol, mä als Friddensambassadrice zu Shanghai presentéiert gouf. No hirer Rees huet d'Gëlle Fra nach en Tëschestopp zu Käerjeng, an där Stad, aus där si hierkënnt, gemaach. Sechs Méint laang gouf d'Statu op eng Manéier ausgestallt, wéi ee se bis ewell nëmmen ee Mol ze gesi krut. Bal 37.000 Visiteuren haten hei d'Chance, d'Gëlle Fra op Aenhéicht ze gesinn, éier si Enn Januar 2011 zréck op hiren Obelisk op der Place de la Constitution koum.

Eigentlech fir d'Gedenken un d'Lëtzebuerger Zaldoten am Éischte Weltkrich erriicht, huet d'Gëlle Fra ëmmer nees un neier Bedeitung fir d'Lëtzebuerger Vollek gewonnen. Nieft engem Denkmal fir d'Lëtzebuerger Zaldoten huet sech d'Gëlle Fra an de leschte Joren och zu enger beléifter Touristenattraktioun entwéckelt. A mam geplangte Reamenagement wäert et wuel nach méi Leit an d'Géigend vun der Gëlle Fra zéien.