Déi onbekannte Säit vun der Gëlle Fra
Et gëtt vill Geheimnisser, Mythen an Märercher ronderëm d’Gëlle Fra.
Gewosst ass, dass se vum Sculpteur Claus Cito geschaf ginn ass an den 27. Mee 1923 feierlech inauguréiert gouf. Si ass zu Bréissel an der Géisserei “Compagnie des bronzes” an 3 Deeler gegoss.

Am Mee 1940 sinn déi däitsch Zaldoten a Lëtzebuerg amarschéiert. D’Gëlle Fra war eng vun den éischten Affer vun der däitscher Besetzung.
D’Attentat op d’Gëlle Fra!
Op de Befeel vum Gauleiter Gustav Simon huet d'Gëlle Fra missen erofgeholl ginn. Dem Lëtzebuerger Vollek huet dat net gefall. Mat alle Mëttel gëtt probéiert, d’Monument ze verschounen. Allerdéngs ouni Erfolleg. D’Fro awer war: Wie rappt se of. Déi däitsch Wehrmacht huet dat refuséiert, well e Monument, dat un Zaldote gedenkt, dat gëtt net ugepaakt, och wann et vun de Géigner ass. Duerno goufe Lëtzebuerger Entrepreneure gefrot. Déi wollten dat och net maachen. Hir Aarbechter streiken, de Camion war futti oder iergend eng aner Geschicht. All Grond war gutt, fir net missen den Attentäter vun der Gëllener Fra ze ginn. Op den ëmmer méi wuessenden Drock vun den Däitschen huet d’Gemeng decidéiert, dass et d’Gemengenaarbechter sinn, déi sech där Missioun misste stellen. 3 Deeg huet et gedauert, bis am Nomëtteg vum 21. Oktober d’Skulptur mat engem stole Seel an enger Dampwalz vun hirem Sockel erofgerappt gouf. D’Féiss, well se op den Zéiwespëtzte stoung, zerbriechen um Obelisk. D’Skulptur fält erof a beim Impakt um Buede zerbrécht si an dräi Deeler.

De Bléck no ënnen
D’Gëlle Fra, sou wéi se vum Claus Cito sculptéiert gouf, huet riicht eraus gekuckt no vir an d’Richtung vum Fridden an der Zukunft. Bei der Chute vum Obelisk den 21. Oktober 1940 awer huet si beim Impakt um Bueden e “Coup de Lapin” gemaach. De Kapp verbéit sech no vir. Dës Positioun huet och haut nach d’Gëlle Fra behalen. De Bléck no ënnen, dee justifiéiert gëtt, dass d’Friddensgëttin elo op déi 2 Zaldoten erofkuckt op de Sockel an net méi an d’Onendlechkeet.

Eng Stopp fir d’Gëlle Fra!
Et war "Marbrerie Frères Jacquemart" vun Hollerech, déi Uganks den 20er Joren den Optrag kruten, fir den Obelisk opzeriichten, wou d’Gëlle Fra drop sollt kommen. Um Dag, wou d’Gëlle Fra erof gepucht gouf, hat se Gléck am Ongléck. D’Madamm Jacquemart vun der Marbrerie proposéiert, fir déi 3 Deeler vun der Madamm ze entsuergen. Hir Iddi war et awer, d’Gëlle Fra ze retten. Si féiert d’Iwwerreschter vun der Skulptur an d’Marbrerie a verstoppt se ënner engem Koup Gestengs. Eng geféierlech awer couragéiert Initiativ. Enner dem Koup Steng louch d’Gëlle Fra fënnef Joer laang bis un d’Enn vum Krich. Déi 2 Zaldote sinn och gerett ginn, a goufen net wäit ewech vun der Gëllener Fra am Salzhaff zu Hollerech verstoppt.

Et gëtt eng kleng Anekdot iwwer eng grouss Zéif vun der Gëllener Fra, déi bei der Zerstéierung vum Monument erof gefall ass an an der Täsch vun engem Student gelant war. Haut ass dës Zéif am Besetz vum Antiquaire a Konscht-Expert Armand Wagner.

D’Gëlle Fra gouf vun de Preisen ageschmolt, fir Waffen ze fabrizéieren!
Dëst ass d’Rumeur, déi wärend dem Krich an och laang Joren duerno als Rumeur zirkuléiert ass. Och wou 1945 dru geduecht gouf, si erëm op ze stellen an obwuel déi dräi Deeler 1955 zwou Wochen am Cercle ausgestallt goufen, haten d’Lëtzebuerger awer eng Virléift, fir d’Versioun vum Aschmëlzen ze erzielen, sou dass dës Rumeur och nach bis an Sechzeger Jore vu ville Leit als Wouerecht ugesi war.
D’Gëlle Fra ass verschwonnen
D’Iddi war do, fir d’Gëlle Fra kuerz nom Krich erëm zeréck ob d’Place de la Constitution ze stellen. Allerdéngs gouf et do 2 verschidde Meenungen. D’Unhänger vum éischte Weltkrich wollten hire Friddensengel zeréck op hirer Plaz gesinn, als Erënnerung un déi gefalen Zaldoten tëschent 1914 an 1918. D’Oppositioun awer, d’Unhänger vum 2. Weltkrich, haten et virgeschloen, de Sockel eidel ze loossen als Zeechen a Symbol fir den Iwwerfall vun de Preisen op onst Land am Joer 1940. Fakt ass, et war gewosst, dass d’Gëlle Fra nach existéiert, awer den Interessi, fir se erëm op ze riichten, war net immens grouss.
35 Joer vergiess a verlooss
Déi 35 Joer, déi duerno koumen, hu misse fir d'Gëlle Fra extrem langweileg gewiescht sinn. Ausser engem kuerze Besuch vun zwou Wochen an enger Ausstellung am Cercle am Joer 1955, wäert si warscheinlech nëmmen en donkelen Eck am Josy Barthel-Stadion gesinn hunn. D’Gëlle Fra geréit a Vergiessenheet. Fir d'Lëtzebuerger Awunner war d’Gëlle Fra verschwonnen. E puer Leit awer an der Stad woussten, wou se wär, soss hätt ee sech net d’Méi gemaach, Enn 50er Joren de Sockel vun der Fra ze renovéieren. Et huet awer nach bis Januar 1980 gedauert, bis de Journalist Josy Braun public gemaach huet, dass dat nationaalt Symbol vun de gefalenen Zaldoten aus, dem Éischte Weltkrich an engem Eck ënner de Gradine vum Stadion stockéiert wär.
Ween ass d’Gëlle Fra?
Et goufen am Liewe vun der Gëlle Fra e puer Aussoe vu Leit, déi behaapt hunn, selwer de Modell vum Cito senger Skulptur gewiescht ze sinn oder déi ze kennen. Déi leschte Pist war am Joer 2015, wou d’Bäckersfra, déi vis-à-vis vum Cito sengem Atelier gewunnt hätt, Modell gestanen hätt. Awer dës Pist, sou wéi all aner Behaaptungen hu sech op Hand vu Fotoe vun de Betraffenen aus den 20er Joren als net probabel erausgestallt. Dem Historiker Jean Reitz no, grousse Spezialist vum Claus Cito an och vun der Gëllener Fra, ass d’Warscheinlechkeet grouss, dass et déi deemoleg belsch Frëndin vum Kënschtler gewiescht wär, déi d’Bild vun der gëllener Fra duerstellt. Dës Theorie gëtt beluecht duerch weider Konschtwierker vum Kënschtler, déi hoergenee ausgesi wéi d’Gëlle Fra. Dass dës Wierker Grafsteng duerstellen, géif sech erklären, dass hir Relatioun a Broch gaange wär an dass den Cito och seng Emotiounen a senger Konscht ausgedréckt hätt.

