E Samschdeg war uechter d'Land vill lass op eise Stroossen.

Nom déidlechen Accident beim Vëlostour "Schleck Gran Fondo" notéiert de CGDIS och soss eng ganz Partie Accidenter mat Blesséierten op eise Stroossen.

Zu Noumer ass e Cyclist gefall.

Zu Iewerleng sinn e Vëlo an en Auto kollidéiert.

Zu Diddeleng an och an der Stad si Foussgänger ugestouss ginn.

Zu Hesper ass en Auto an e Potto gerannt.

Um Riesenhaff sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.

Zu Wäiswampech hate sech en Auto an e Moto ze pake kritt.