Dat seet de Chef vu Cobolux Paul Faltz am RTL-Interview, kuerz nodeem de Lëtzebuerger Traditiounsbetrib annoncéiert huet, mat där Aktivitéit opzehalen.

D'Cobolux wëll weider Béischte vu Lëtzebuerger Bauere kafen a verschaffen, just datt d'Déieren dann zu Ettelbréck oder zu Wittlich an Däitschland geschluecht ginn. Dat géing een elo mat de Produzente verhandelen. Virun 3, 4 Joer wieren zu Wecker nach 600 Schwäin an 150 Ranner d'Woch geschluecht ginn, elo wieren et nëmmen nach 400, respektiv 110 bis 120 gewiescht, sou de Paul Faltz.

"Ee Grond ass, dass et e Bauerestierwen hei zu Lëtzebuerg gëtt, dat heescht, et hunn enorm vill Baueren déi lescht Joren opgehalen, do gouf et keng Successioun méi, dat ass deen ee Grond an dann den zweete Grond ass et awer och, dass eng liicht Regressioun am Konsum vum Fleesch net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä europawäit stattfënnt."

Dat confirméiert och de Schwéngsbauer Eric Pesch. D'Akzeptanz géigeniwwer der Haltung vun den Déieren hätt och geännert an d'Fluktuatioun vun de Präisser géing de Baueren ze schafe maachen. Iwwert d'Decisioun vu Cobolux war de Landwirt nawell iwwerrascht. Begeeschtert fir d'Schwäin an d'Ausland ze féieren, ass hien net.

"Ech mengen, haut an der Zäit vun Tierwohl ass et menger Meenung no wichteg, dass kuerz Transportweeër ee Critère solle sinn a Wittlich ass elo net, dass ee seet, dass et wäit ass, et ass 1 Stonn 20 Camionsfaart, mee et ass méi wäit, wéi wann ech se a 50 Minutten op d'Cobolux gefouert hunn, ouni gréissere Stress un Transport am Kapp."

Den LSAP-Landwirtschaftsminister Claude Haagen mengt awer net, datt Lëtzebuerg sech ze vill ofhängeg géing maache vum Ausland.

"D'Kapazitéiten am Ettelbrécker Schluechthaus ginn duer, fir déi Kapazitéite vu Wecker z'absorbéieren, kloer ass, dat do och Investissementer musse gemaach ginn zu Ettelbréck. Do si mer am Kontakt mat dem Ettelbrécker Schluechthaus, fir ze kucken, wéi en déi Investissementer an Zukunft ka maachen, datt natierlech déi Infrastruktur och garantéiert zu Lëtzebuerg bleift."