De Parquet hat uechter d'Land e sëllegen Alkoholkontrollen ordonéiert, sou z.B. zu Biwer, zu Fluessweiler, zu Wolz an Ëmgéigend grad ewéi an der Stad.

Zu Biwer op der N14 goufen tëscht e Freideg 23.45 Auer an e Samschdeg 00.45 Auer 61 Automobiliste kontrolléiert. An 3 Fäll war den Alkoholtest positiv, et gouf awer kee Fürerschäin agezunn.

Tëscht 22 an 23 Auer war et dann zu Fluessweiler an der Rue Principale eng gréisser Kontroll, bei där 43 Automobilisten den Otemlofttest hu musse maachen. Och hei waren 3 positiver dobäi, ma keen deen esou héich war, dass de Fürerschäin hätt mussen agezu ginn.

Méi ze dinn hat d'Police dann am Éislek, wou schonn um 20 Auer ugefaange gouf mat testen, an dat bis 01.30 Auer. D'Kontrolle waren zu Wolz an der Rue Michel Thilges, am Pommerlach an zu Heischent. Net manner wéi 327 Automobilisten hunn hei musse stoe bleiwen an den Alkoholtest maachen. An 10 Fäll war dëse positiv an zwee Automobilisten hunn dann och hire Fürerschäi mussen op der Plaz ofginn.

An der Stad waren d'Kontrollen um Boulevard Kockelscheier, respektiv an der Beggener Strooss. 154 Automobiliste hu musse blosen, bei 7 war den Test positiv. Se konnten awer alleguerten hire Fürerschäi behalen.

Zwee weider Fürerschäiner agezunn

Nieft dësen Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet, gouf dann awer och nach zu Ettelbréck e Chauffer protokolléiert, deem et net gelonge war säin Auto ze parken. Dat haten d'Poliziste matkritt, déi grad eng Verkéierskontroll op der anerer Säit vun der Strooss gemaach hunn. Si hunn de Chauffer kontrolléiert an hu festgestallt, dass dësen ze vill gedronk hat.

Um Samschdeg géint 3.20 Auer war dann nach eng Kontroll zu Angelduerf op der N7. En Automobilist ass mat erhéichter Vitess op d'Kontroll zougefuer, huet awer keng Unzeeche gemaach wëlle stoen ze bleiwen. Et koum zu enger kuerzer Course poursuite. Och an dësem Fall hat de Chauffer gedronk.